
Mä vill vun hinnen hu fonnt, et wier net vill Neits ginn respektiv et wéisst een net, wéi et sollt bezuelt ginn.
D’Co-Fraktiounspresidentin vun der LSAP, Taina Bofferding, huet d’Ouere gespëtzt, wéi et ëm d’Aarmutsbekämpfung goung – eng vun de deklaréierte Prioritéite vun der Regierung. Ma si war awer enttäuscht.
“Déi eenzeg Äntwert, fir de Probleem unzegoen, ass dann och hei eng Vereinfachung vun de Prozeduren. Et ass och hei gutt, datt déi bürokratesch Hürden ofgebaut ginn, mä och domat ass de Probleem net geléist. Wat ass mat deene Leit, déi op der Strooss liewen? Mir hu lo ganz vill hei an der Chamber iwwer Housing First-Konzepter geschwat, wat ass mat Mindestlounaugmentatiounen, wat ass domat, e steierfräi ze maachen, dat hu mir Mol gefuerdert. An do goufe mer ëmmer vertréischt vun der Regierung, si wären amgaangen, un engem nationalen Aktiounsplang fir d’Aarmutsbekämpfung ze schaffen, mä en huet en a kengem Wuert erwäänt.”
De Fred Keup vun der ADR huet fonnt, dem Luc Frieden seng Ried wier déi vun engem Bürokrat gewiescht. Hien hätt d’Chance verpasst, d’Probleemer direkt unzeschwätzen.
“Dat ass Sécherheet. Dat ass Kriminalitéit. Migratioun ass guer net ugeschwat ginn. Integratioun, Sproochen – e Land mat esou vill Auslänner - kee Wuert an engem Etat de la Nation vun engem Premierminister iwwert esou en Thema, kann ech mer net virstellen. D’Roll vun der Famill. Alles dat ass net do.”
Fir de Fred Keup war och net ganz duerchduecht, wéi déi Mesuren, wéi zum Beispill déi weider Indexupassung vum Steierbarême finanzéiert solle ginn.
Fir den DP-Fraktiounschef Gilles Baum war et eng gutt a komplett Ried vum Premier. Him huet besonnesch den 10-Punkte-Plang fir de Logement gutt gefall, d’Mesurë fir d’Bekämpfung vun der Aarmut an déi, fir d’Transition écologique ze begleeden. Op d’Kritik aus den Oppositiounsparteien ugeschwat, datt vill vun de Mesurë schonn ënnert der blo-rout-grénger Regierung geplangt goufen, seet de Gilles Baum:
“Et gëtt mat Sécherheet eng gewësse Kontinuitéit, well et ass jo eng vun deenen dräi Parteien, déi nach der Regierung ass. Mir si jo net an d’Regierung gaangen an hu gesot ‘ok, déi zéng lescht Joren, dat war näischt.’ Nee, ech soen dat hei ganz kloer. Déi zéng lescht Joren ware gutt Joren. Et ware gutt Usätz do. Mir hunn an deenen zéng Joren net alles fäerdeg kritt. An dofir ass et fir mech normal, datt mer och Saachen, déi vun der LSAP oder deene Gréngen ugestiwwelt goufen, déi an de Prozeduren sinn, dat mer déi Saachen, déi gutt sinn, fäerdeg maachen. Dat ass fir mech e ganz normale Prozess.”
Wat d’Finanzéierung vun den ugekënnegte Steiermesuren ugeet, sot de Gilles Baum, den Ufank vum Joer wier besser gewiescht wéi erwaart. An Enn dës Mounts misst ee kucken, wou ee lo an der Hallschent vum Joer steet.
Fir d’Sam Tanson, d’Spriecherin vun deene Gréngen an der Chamber, bleift awer net méi esou vill Neits iwwreg, wann de Stëbs sech bis geluecht huet.
“Et goufe virun allem Ukënnegungen, datt et Kierzungen gëtt bei Primmen, déi et am Moment gëtt. Sief an der Mobilitéit, sief et bei de Klima-Wunnprimen. Datt et eng nei Upassung gëtt un d’Steiertabell, wou mer och näischt héieren hunn iwwert d’Géigefinanzéierung, déi da bei aner Steierbaissen, déi schonn ugekënnegt goufen, dobäi kommen. An da Villes iwwert administrativ Vereinfachung, wou et awer am Moment net kloer ass, a wéi eng Richtung, datt et soll goen.”
Déi Gréng ginn dovun aus, datt déi ugekënnegt weider Upassung vum Steierbarême ëm 2,5 Indextranchen nächste Januar ëm déi 300 Milliounen Euro wäert kaschten.
Änlech Klack beim Spriecher vun de Piraten, Sven Clement, deen och net vill nei Mesuren héieren huet.
“Do wou mer Detailer kruten, sinn se éischter negativer Natur. Manner Primmen fir den Elektroauto heescht, datt dës Regierung manifestement net un den Elektroauto gleeft. Oder zumindest dat esou wëllt weisen. D’Fro, déi ech mer awer stellen bei all deene Märercher, déi mer haut erzielt kruten, ass och wéi déi finanzéiert solle ginn? Mir kafe méi, mir maache Steiererliichterungen, wat mer absolut begréissen. A gläichzäiteg krute mer gëschter e Communiqué vum Finanzrot (CNFP), dee seet, datt den Defizit dëst Joer bal duebel esou héich ass, wéi ursprénglech geplangt.”
Méi Suen ausginn bei méi héijem Defizit – hie géif net gesinn, wéi dat zesumme passt, esou de Sven Clement.
Den CSV-Fraktiounschef Marc Spautz huet dem Luc Frieden seng Ried erwaardungsgeméiss gutt a komplett fonnt. Et hätt ee lo gesinn, wat an deene leschte Méint an de Ministère geschafft gi wär. Hie wier och awer berouegt, wat d’Fro vum Budget ugeet. Enn dës Mounts géifen déi nei Zuelen iwwert d’Situatioun vun de Staatsfinanze virleien.
“An ech kéint mer virstellen, datt een do schonn Äntwerten op déi Froen, déi si elo opgeworf hunn, wäerten hunn, an datt dann och de Finanzminister en Temps utile wäert hikommen a schéi propper och soen, wéi déi Géigefinanzéierung wäert stattfannen.”
De Marc Baum, Deputéierte vun déi Lénk, huet allerdéngs fonnt, et hätt ee keng Ried zur Lag vun der Natioun héieren.
“Mä eng Ried zur Lag vun der Prozedurevereinfachung. Vun engem CEO, deen esou geschwat huet, wéi wann en an engem Betrib Chef-Chantier wier a wou ee misst verschidden administrativ Demarchen änneren, fir all d’Probleemer vun deem Betrib ze änneren. Aarmutsbekämpfung ass just eng Fro vun administrativer Vereinfachung. Logement ass just eng Fro vun administrativer Vereinfachung. Obwuel all d’Etüde soen, datt de Probleem vum Logement een ass, dee mat Steieren ze dinn huet, Steieren, déi Spekulatioun um Foncier ënnerstëtzen, déi d’Retentioun vum Foncier ënnerstëtzen, doriwwer gëtt guer kee Wuert geschwat.”
De Marc Baum huet och déi ukënnegt Steiererliichterung fir Betriber a verschidde Finanzproduite kritiséiert. Déi eng géifen d’Sue mat der Géisskan kréien an déi aner zwee Formulaire manner auszefëllen.