Am Arrest ënnerbruechtRebellioun géint Policebeamten zu Kanech

RTL Lëtzebuerg
De Mann ass no enger medezinescher Kontroll am Arrest ënnerbruecht ginn.
© Laurent Weber

E Mëttwoch hat d'Police zu Kanech e Mann gemellt kritt, dee Kanner ugepöbelt huet. Am Kader vun enger Sichaktioun konnt en Tatverdächtegte vun enger Policepatrull ausgemaach ginn. Wärend der Kontroll huet sech den alkoholiséierte Mann onkooperativ de Beamte géintiwwer verhalen, huet dës beleidegt a menacéiert an ass hinne géintiwwer handgräiflech ginn. Dobäi gouf ee Beamte blesséiert. Opgrond vu sengem Zoustand huet de Mann eng Gefor fir sech selwer a fir aner Leit duergestallt, dowéinst huet d'Police d'Decisioun geholl, fir de Mann no enger medezinescher Kontroll am Arrest ënnerzebréngen.

Versichten Déifstall am Garer Quartier an der Stad

An der Nuecht op en Donneschdeg gouf der Police e versichten Iwwerfall am Stater Garer Quartier gemellt, bei deem zwee Täter versicht sollen hunn, eng Posch ze klauen. Éischten Informatiounen waren d'Affer a seng Begleedung an der Rue du Fort Wallis ënnerwee, wéi ee vun den Täter d'Posch u sech gerappt huet a fortgelaf ass. Der Begleedung vum Affer ass et gelongen, fir den Täter anzehuelen. Et koum zu enger Ausernanersetzung tëscht béide Persounen. Den Täter huet e Messer gezunn. D'Affer an d'Begleedung, déi liicht blesséiert ginn ass, sinn doropshi geflücht. Eng Patrull vun der Police huet déi presuméiert Täter kuerz drop fonnt. Bei der Kontroll konnt bei engem vun de Männer e Messer séchergestallt ginn. Op Uerder vum Parquet gouf d'Messer saiséiert an e Protokoll gouf erstallt.

Back to Top
CIM LOGO