Mëtt Juli 2021Réckbléck op d'Joerhonnert-Héichwaasser zu Lëtzebuerg

Jeannot Ries
Vill Awunner wäerte sech nach laang un d'Nuecht vum 14. op de 15. Juli 2020 erënneren.
Réckbléck op d'Joerhonnert-Héichwaasser zu Lëtzebuerg
Vill Awunner wäerte sech nach laang un d’Nuecht vum 14. op de 15. Juli 2020 erënneren.

“Elo sinn ech esou al, dat do hunn ech nach ni erlieft.” E Saz, deen een donneschdes, de 15. Juli, vu Veianen, iwwer Iechternach bis erof op Bur héieren huet. Wann net 100 Mol, dann esouguer 1.000 Mol. An d’Leit hu sech net geiert: Matzen am Summer goufe Rekordwäerter u Ree gemooss: 79,4 Liter op de Quadratmeter um Findel. Esouguer 105,7 Liter zu Guedber bannent 24 Stonnen.

“Mir hunn op 15 Miessstatiounen historesch Héichstänn gemooss”, sou d’Ëmweltministesch Carole Dieschbourg op enger Pressekonferenz Deeg duerno. Mëttwochs, de 14. Juli, koum mat der Nuecht och d’Waasser. Baachen a Flëss sinn iwwert d’Ufer getratt. D’Kanalisatiounen hunn d’Waassermassen net méi gepackt, wéi zum Beispill op der Eecher Plaz, dem déifste Punkt vun der Stad Lëtzebuerg. D’Clienten aus de Restauranten hu missen owes um 22.15 Auer evakuéiert ginn. Hinne goung d’Waasser bis un d’Taille.

Alles goung op eemol ganz séier. Um 112 hunn d’Telephonen net méi opgehale mat schellen. 1.200 Asätz bannent enger Nuecht, an allen Ecker vum Land. Vill Leit koumen net méi mat Zäit aus hiren Haiser. D’Fräschmänner koumen an den Asaz. Um Bord vun der Uelzecht, zu Hesper, am Oste vum Land, zu Iechternach. Wou d’Sauer Peegelstänn erreecht huet, déi engem statisteschen, dausend-järlechem Héichwaasser entsprach hunn.

Wärend Deeg huet de Kaméidi vun de Generatoren, vun de Pompele laanscht d’Baachen a Flëss den Toun uginn. Wärend Deeg gouf gebotzt. Happ a Gutt ewechgehäit. Zum Gléck blouf et hei am Land bei ganz héijem Materialschued. Vill perséinlech Souvenire sinn dem Waasser zum Affer gefall.

E Joerhonnert-Héichwaasser, matzen am Summer. E Phenomen, dat d’Experten nodenklech stëmmt. E Wiederphenomen, dat och d’Assurancë gefuerdert huet. Mat Schied an enger Héicht vun iwwer 100 Milliounen Euro. Iwwert deene vum Tornado vun 2019. Schied, mat deene vill Bierger haut nach ze kämpfen hunn.

En Héichwaasser, dat awer och kritesch muss hannerfrot ginn, wat de Krisemanagement ubelaangt. Gouf fréi genuch gewarnt? Effikass genuch? “Nee”, sou d’Konklusioun vum Jeff Da Costa, Ëmweltfuerscher an Doktorand. “D’Regierung huet haaptsächlech versot a puncto Preventioun a Preparatioun. An och d’Ënnerschätze vum Risiko vun de Wiederevenementer.”

Léiere musse gezu ginn. Fir d’Risiken ze reduzéieren, Stéchwuert Renaturéierung, Opfänkbecken. Séier gouf awer och bewosst, datt de System, wéi d’Populatioun generell an Urgencen alertéiert soll ginn, onbedéngt iwwerschafft muss ginn. D’GouvAlert-App huet ausgedéngt. D’Zukunft gehéiert engem Alarmsystem, an deem déi lokal GSM-Antennen eng kapital Roll spillen.

D’Nuecht vum 14. op den 15. Juli, a virun allen d’Deeg duerno hunn awer och eent gewisen: Wann et haart op haart gëtt, dann halen d’Lëtzebuerger zesummen. Da gräifen hondsfriem Leit spontan deenen ënnert d’Äerm, déi et batter néideg hunn. Da gëtt zesumme geschëppt, gespent, gesammelt.

Back to Top
CIM LOGO