
Kuerz éier de Beruffstrafic esou richteg lass gaangen ass, haten am Tunnel Cents sech e puer Gefierer ze pake kritt, esou datt 2 Spure blockéiert waren. Dëst hat natierlech och weider Auswierkungen op de Beruffstrafic, dee kuerz dono ugefaangen huet. De Réckstau ass zum Deel bis iwwert d'Jonctioun Gréngewald gaangen an hat och Auswierkungen op den Trafic um Kierchbierg. Kuerz no 17 Auer war d'Plaz geraumt.