Mat der Reform vun der Grondsteier well een d’Spekulatioun op Terrainen bekämpfen, net awer d’Leit ze bestrofen. Dat huet d'Inneministesch Taina Bofferding e Méindeg de Mueren am RTL-Interview erkläert.
Eng Méiglechkeet dofir, wier e steierlechen Abattement fir Leit, déi just eng Wunneng hunn. Wéi héich d'Grondsteier no der Reform ass, konnt d'LSAP -Politikerin nach net soen. Elo gëtt emol den interministeriellen Aarbechtsgrupp reaktivéiert.
An et gëtt genuch ze dinn: De vereelzte Berechnungsmodus muss moderniséiert an Donnéeë gesammelt ginn. Do hëllefen déi nei PAGen. An da muss dat ganzt nach an e Gesetz stoe kommen.
Déi nei Inneministesch Bofferding wëll awer dofir suergen, datt ee séier viru kënnt.
Wichteg bei der Reform vun der Grondsteier wier e parteiiwwergräifende Konsens.
Den zweete Ressort vum Taina Bofferding ass dee vun der Gläichheet tëscht Mann a Fra.
An deem Kontext sot Ministesch, datt Fraequoten, trotz aller Kritik, wichteg wieren, dat am Sënn vun der Mixitéit. D'Kompetenze vu Männer a Fraen si gefuerdert an der Politik.
Grad wéi de Logement, wier d'Gläichheet tëscht Fra a Mann eng ministèreiwwergräifend Aarbecht.
E Méindeg de Moie war déi nei Inneministesch a Chancegläichheetsministesch eis Invitée vun der Redaktioun.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides kuerz no 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.