Mat der Kuerzaarbecht fir de Bausecteur gëtt d’Regierung engem Secteur e Blankoscheck, deen net eenheetlech an der Kris wier an dee Joerzéngte ouni Ënnerbriechung geboomt hätt, kritiséiert de fréiere Wirtschaftsminister an elo LSAP-Deputéierte Franz Fayot op X.
Dat géif d’Konkurrenz tëscht de Betriber verzerren. D’Kris am Secteur, dat wiere Präisser an der Offer, déi nach ëmmer ze héich wieren, fir enger Demande ze begéinen, déi geschwächt ass vun Inflatioun an héijen Zënsen. Hei misst also nach eng Korrektur no ënnen am Marché kommen.
D’Regierung géif mat dëser Mesure a Realitéit d’Rechnung fir de Promoteuren-Constructeurs hir Gewënnmargen op Käschte vun de Steierzueler iwwerhuelen. DP an CSV géifen eppes fir hir Clientèle maachen, mengt de Franz Fayot.
Dat Ganzt ouni Plan de Maintien dans d’emploi, Abuse wären dem fréiere Minister no virprogramméiert. Dofir wären hien an de Georges Engel als Aarbechtsminister ëmmer géint Kuerzaarbecht am Bau gewiescht, sou den EX-LSAP-Minister.