Froestonn an der ChamberRegierung kritiséiert geplangte Verstaatlechung vun ArcelorMittal a Frankräich

Marc Hoscheid
Nieft der Fro zu ArcelorMittal huet och nach d'Lëtzebuergescht an de private Crèchen d'Diskussioun an der Chamber ugereegt.
Ënner anerem d'Wierk vun ArcelorMittal zu Dunkerque soll vu Frankräich verstaatlecht ginn.
Ënner anerem d’Wierk vun ArcelorMittal zu Dunkerque soll vu Frankräich verstaatlecht ginn.
© DELPHINE LEFEBVRE/Hans Lucas via AFP

Lëtzebuerg wëll keng Stolwierker verstaatlechen

Ass d’Verstaatlechung vu ronn 40 Wierker vun ArcelorMittal, fir déi sech dat franséischt Parlament rezent ausgeschwat huet, legal? A wéi positionéiert déi Lëtzebuerger Regierung sech an deem Dossier? Dat wollten en Dënschdeg de Mëtteg am Kader vun enger Froestonn an der Chamber den CSV-Deputéierte Laurent Mosar an de Piraten-Deputéierte Marc Goergen wëssen. De Wirtschaftsminister Lex Delles huet a senger Äntwert d’Decisioun vum franséische Parlament schaarf kritiséiert.

“Déi Fro, déi sech ronderëm d’EU stellt, do mengen ech, datt et net mat EU-Recht konform ass, fir einfach sou ee Betrib ze iwwerhuelen. Do stellt sech jo d’Fro, iwwerhuelen, bezuelen, net bezuelen, wat heescht dat, wann de Proprietär net wëllt a sou weider? Sou datt mir dat dote ganz negativ gesinn an als Regierung keen esou ee Projet de loi wëllen op de Wee ginn an och net d’Solutioun vun der Stolkris an der EU an enger Verstaatlechung vu vereenzelte Wierker gesinn.”

Et misst ee par Konter éischter kucken, fir grénge Stol weider ze promouvéieren, zum Beispill duerch méi héich Taxen op net gréngem Stol, dee vu baussen an d’EU kënnt.

Manktem vu Lëtzebuergeschsproochegem Personal a Crèchen

Feelt et a private Crèchen u Leit, déi Lëtzebuergesch schwätze kënnen, a plangt den Educatiounsministère méi streng Kontrollen, fir d’Sproochekenntnisser vun de Leit an deem Secteur ze iwwerwaachen? Dat wollt dann den ADR-Deputéierten Dan Hardy wëssen. Dat virum Hannergrond, datt rezent an der Presse vu Fäll riets gaangen ass, wou Elteren hir Kanner an ëffentlech Crèche geschéckt hunn, obwuel déi méi wäit vun doheem ewech sinn, well d’Personal do Lëtzebuergesch schwätzt. Den Educatiounsminister Claude Meisch huet ënnerstrach, datt een déi Thematik am Ministère um Radar hätt.

“Jo, mir maache Kontrollen a mir maache se nawell zimmlech dacks. Wann ech 2022 kucken, waren et an deem ganze Joer 85 Kontrollen, 2023 waren et 295 Kontrollen an 2024 waren et 714 Kontrollen, déi mer gemaach hunn. Déi bezéie sech natierlech net eleng op déi sproochlech Kompetenze vum Personal, mee dat gëtt mat gekuckt.”

Et wier awer eben einfach sou, datt et fir privat Crèchen net evident wier, genuch Personal ze fannen, dat gutt Lëtzebuergesch schwätzt. Dat géing ënnert anerem och un der Konkurrenz duerch déi ëffentlech Offer leien.

Back to Top
CIM LOGO