“Mir loosse keen am Reen stoen, gëtt de Premier net midd ze soen. Abee dës Regierung léisst d’Leit äiskal an der Keelt sëtzen”. D’CSV hat e Mëttwoch eng Aktualitéitsstonn zum Thema Kafkraaft gefrot an huet sech beklot, datt d’Regierung näischt ënnerhëlt ënnert anerem géint déi héich Energiepräisser.
Eemol Diesel volltanken ass a méi wéi engem Joer vu 50 op 75 Euro an d’Luucht gaangen. De Präis fir en Tank Masutt huet sech méi wéi verduebelt. D’Präisdeierecht géif bis wäit an d’Mëttelschicht era goen, sot den CSV-Co-Fraktiounschef Gilles Roth. D’Steiertabell misst ugepasst ginn, vun der Inflatioun berengegt. Et kéint net sou viru goen. Et misst Schluss si mam Nokucken an et misst elo gehandelt ginn.
D’CSV huet 4 konkret Propose gemaach: de Präis vu Masutt deckelen, d’Kilometerpauschal upassen, d’Kilometergeld erop setzen an d’Upassen ëm 20% no uewe vun de Referenzwäerter fir eng Allocation de vie chère ze kréien.
Dës Regierung handelt a wäert nach handelen, huet den Energieminister Claude Turmes erkläert. D’Regierung wäert an den nächste Wochen eng konkret Propos ausschaffen.
Mir hu permanent eppes gemaach fir d’Kafkraaft an antizipéiert, huet och d’DP-Finanzministesch Yuriko Backes ënnerstrach. Steierentlaaschtungen oder zum Beispill gratist Iessen an der Schoul a gratis Betreiung. Den Index – 2,5% méi Pai oder Pensioun - géif och deels vergiess ginn, am Oktober gouf et nach eng Indextranche. Dat wär jo grad, fir d’Kafkraaft vun de Leit sécherzestellen.
No der Diskussioun - wou verschidde Propose vun alle Parteie gemaach goufen an d’Regierung eng Mesure an Aussiicht gestallt, mä nach net annoncéiert huet – huet sech de Gilles Roth enttäuscht gewisen. Hien hätt sech méi vun der Regierung erwaart. D’Regierung géif sech selwer op d’Schëller klappen an d’Leit mat hire Suergen eleng loossen, fënnt d’CSV.