TripartiteRegierungsparteie kréien Tuyaue vun hire Jugendorganisatiounen

Marc Hoscheid
Dräi Deeg virun der Tripartite ginn d'Presidente vun dräi Jugendorganisatiounen der Regierung nach e puer méiglech Piste fir d'Negociatioune mat op de Wee.
© Shutterstock

Virum Optakt vun der Tripartite e Sonndeg hale sech d’Vertrieder vun den dräi Regierungsparteien DP, LSAP an déi Gréng bedeckt. Et géing een d’Negociatioune mat de Sozialpartner net op der Place public féieren, dat huet de Premier Xavier Bettel ëmmer rëm widderholl. Anescht ass et mat de Presidente vun de Jugendorganisatiounen. Si hunn deels ganz konkret Fuerderungen, wéi d’Bierger an Zäite vu massiver Inflatioun entlaascht solle ginn.

Jugendparteien zur Tripartite / Rep. Marc Hoscheid

Sou fuerderen déi Jonk Demokraten een degressiivt Energiegeld pro Mount vun 200 Euro fir Stéit mat klengem a mëttlerem Akommes. Stéit, déi méi verdéngen, kriten deemno net dee volle Montant iwwerwisen. Vu wéi engem Akommes un ee kee Geld méi kréie soll, preziséieren déi jonk Liberal awer net. Nieft finanziellen Hëllefe setze si op d’Aspuere vun Energie duerch Homeoffice, wéi de JDL-President Michael Agostini erkläert. “Mir fuerderen nach ëmmer ee Recht op Télétravail fir all Salarié. Dat géing dozou bäidroen, datt manner Kilometeren op d’Aarbecht gefuer ginn. Virun allem de Staat soll dat en Place setzen, datt den Télétravail fir d’Fonctionnairen ee Bestanddeel vun der Energiestrategie gëtt.”

Den Amir Vesali, Co-President vun de jonke Sozialiste gleeft awer net, datt d’Recht op Homeoffice déi richteg Äntwert op déi héich Energiepräisser ass. Vill Leit kéinten net vun doheem aus schaffen an et géing sech d’Problematik vun de Frontaliere stellen. Si setzen op konkret Entlaaschtung duerch de Staat.

“Ee steierfräien Energiescheck vu 500 Euro de Mount fir een Duerchschnëttsmenage vun dräi Persoune mat engem Akommes vu bis zu 5.500 Euro. Sou huet een eng Hëllef bis an d’Mëttelschicht eran. Eng aner Iddi ass ee sozialen Tarif op Stroum a Gas. Dëse soll just fir Awunner vum Land gëllen a fir déi essentiell Besoine vun de Stéit ze couvréieren. Alles, wat iwwert ee gewësse Seuil geet, do soll den normale Marchéspräis gëllen.”

Déi jonk Gréng wëllen d’Primme fir klimafrëndlech Heizungen nach méi attraktiv maachen. Duerch eng Subventioun solle Stéit, déi de Stroum vun hirer Photovoltaik-Anlag ganz an d’Netz speisen, donieft motivéiert ginn, dëse fir hiren eegene Bedarf ze notzen. De Fabricio da Costa, Co-President vum grénge Parteinowuess, fuerdert och séier spezifesch Mesurë fir d’Kafkraaft vu jonke Leit ze erhalen.

“Fir eis ass et immens wichteg, datt och déi Jonk net vergiess ginn. Sief dat de Student, d’Studentin, de Léierbouf, d’Léiermeedchen awer och déi jonk Koppel, déi grad ugefaangen huet mat schaffen a sech een Appartement kaaft hunn. Dës leide lo natierlech ënnert den Zënsen, déi klammen. Si sinn alleguer staark vun der Kris betraff a mussen ënnerstëtzt ginn. Mir hunn d’Propos gemaach, d’Studiebäihëllefen ze indexéieren.”

E Freideg am Moiesjournal bezéien d’Vertrieder vun deenen dräi Jugendparteien nach Positioun zur Zukunft vum Indexsystem.

Back to Top
CIM LOGO