"Et ass alles an der Rei'', dat sot den däitschen Interimdirekter un der Spëtzt vu Lux-Airport e Freideg de Moien bei eis op der Antenn, 3 Wochen no sengem Untrëtt als Successeur vum Johann Vanneste. De René Steinhaus war e Freideg den Invité vun der Redaktioun. Hie géif duerchaus laangfristeg beim Fluchhafenoperateur wëlle bleiwen. Den Ament assuréiert de René Steinhaus d'Funktiounen als Directeur commercial a CEO parallel. Wéini d'Decisioun iwwert den definitiven neien Direkter fält, konnt hien net soen. De René Steinhaus wäert awer op alle Fall seng Kandidatur stellen.
Lux-Airport profitéiert den Ament vum Wuesstem. De Fluchhafen wiisst zesumme mat der Cargolux an der ganzer Regioun, sou den Interimdirekter. Déi staark Hausse an de Passagéierzuelen an dem Cargoberäich zejoert wier awer exzeptionell gewiescht.
Fir déi nächst Zukunft erwaart sech de René Steinhaus méi e moderate Wuesstem ëm déi 4%. Fräi Kapazitéiten fir nei Airlines hätt een op alle Fall nach och, wann zu Spëtzenzäiten vill lass ass. No der Ouverture vum Terminal B zejoert, gëtt elo besonnesch um Findel un de Passkontrolle geschafft. Déi solle méi séier a méi sécher ginn. Hei géif enk mat der Police zesummegeschafft.
Detailer zu der Arrivée vu Qatar Airways konnt de René Steinhaus e Freideg de Moien no der Annonce am Mäerz weider keng ginn. Sécher ass just, Qatar Airways kënnt net méi dëse Summer mat enger direkter Verbindung op Doha. Thema Nuetsflich: all d'Acteure wäre sech hirer Responsabilitéit bewosst, sou de René Steinhaus, deen déi annoncéiert Stroftaxen och net als Konkurrenznodeel gesäit. Aner Fluchhäfen hätten dat schonn.
Invité vun der Redaktioun e Freideg de Moie war de René Steinhaus, Interimsdirekter vu Lux-Airport.