Um MéindegRentrée an der Chamber no der Chrëschtvakanz

RTL Lëtzebuerg
Um Méindeg de Moien um 11 Auer ass déi traditionell Neijoerschreceptioun, déi éischt fir de Fernand Etgen a senger neier Funktioun als Chamberpresident.
© Tom Zeimet / RTL Télé Lëtzebuerg

Do virdrun, um 9 Auer, kënnt déi aussepolitesch Chamberkommissioun beieneen, fir sech ee Bild ze maachen iwwert d'Prioritéite vun der EU-Kommissioun fir dëst Joer.

Vun en Dënschdeg u gesinn dann déi eenzel Minister déi verschidde parlamentaresch Kommissiounen, fir hir Prioritéiten aus dem Regierungsprogramm ze presentéieren. Den Optakt mécht en Dënschdeg den neie Sportminister Dan Kersch.

Back to Top
CIM LOGO