“Duet” vu London iwwerhëltRepreneur fir d'Lëtzebuerger Filial vun der ABLV Bank fonnt

RTL Lëtzebuerg
D’lettesch Bank ABLV, déi a Faillite ass, huet e Repreneur fir hir Lëtzebuerger Filial fonnt.
© RTL Archivbild

Beim Repreneur handelt et sech ëm den internationalen Investment Group “Duet” vu London. Et hätt ee Wëlles d’Transaktioun sou séier wéi méiglech ofzeschléissen, heescht et an engem Presseschreiwes en Donneschdeg. D’Iwwerwaachungskommissioun vun der Finanzplaz, d‘CSSF, muss nach gréng Luucht ginn. D’ABLV Bank S.A. huet zwar just eng 25 Leit hei zu Lëtzebuerg beschäftegt. D’Faillite vun der ABLV ass allerdéngs interessant, well et engersäits déi éischte Kéier war, datt den europäeschen Ofwécklungsmechnanismus op d’Prouf gestallt gouf. Anerersäits huet d’Faillite Froen iwwert d’ Effikassitéit vun der CSSF opgeworf huet.

Der Wochenzeitung "Land"  no, hat d’Iwwerwaachungskommissioun d’Faillite vun der Lëtzebuerger Filial méiglecherweis ze séier deklaréiert, well d’Handelsgeriicht déi Decisioun duerno réckgängeg gemaach huet.

Keng Fonge méi zu Lëtzebuerg: Drëttgréisst lettesch Bank ABLV muss ofgewéckelt ginnRTL NEW: Lëtzebuerger ABLV-Filial krut 1 Mount méi, fir Repreneur ze fannen

Back to Top
CIM LOGO