D‘Reprise géif awer net gutt lafen, bekloe sech Betriber aus der Stad. Sief et aus Angscht oder wéinst dem Teletravail, ma et kéim just e Brochdeel vun der Clientèle vu virdrun. Wann et esou weidergeet, kéint et fir verschiddener ganz enk ginn.
E Restaurant a Clausen hat de Freideg de Mëtteg quasi keng Aarbecht. Am Schnëtt hätt een zanter der Reprise mëttes eng 15 Couverten, 2/3 manner wéi soss. Och owes leeft et net gutt. Am Bar ënnenan erdiischtert den After Work um Teletravail. D’fräi Nuechte, wou am meeschte verdéngt gëtt, feelen. Den Ëmsaz läit bei 25% par Rapport zur selwechter Zäit vum viregte Joer.
"An elo hu mer momentan déi Fraise vum Loyer aktuell, plus vum Loyer vu virdrun, plus d’charges patronales op alle Salairen, plus déi lafend Käschten. Dat ass net ze packen.", erzielt de Jean-Claude Colbach, Associé vun engem Horesca-Grupp.
Och an engem Restaurant an der Uewerstad ass d’Reprise änlech schlecht. Wann d’Wieder schéi wär, kéimen alt méi Leit op d’Terrass, seet de Renzo Ballanima. Hien hält sech mat senge Reserven iwwer Waasser, laang géif dat net méi goen.
"C’est clair que si la situation ne change pas dans les prochaines semaines ou mois, cela va être très difficile. Le risque est là. Je suis pas le seul. J’en connais déjà une bonne dizaine qui ont déjà fermé, qui n’ont jamais réouvert et qui n’ouvriront plus jamais."
D’Echoe vun der Reprise wäre gemëscht, seet d’Horesca. D’Betriber an der Stad géifen duerch den Teletravail besonnesch leiden.
"Ech hoffen, datt am August, wann déi éischt Leit nees op d’Büroe schaffe kommen oder op d'mannst am September, dass mer eng normal Reprise wäerte kréien. Um Land mierke mer, datt et verschidden ass, well do sinn effektiv vill méi Betriber, déi soen, mir schaffen erëm gutt, meng Cliente kënnt erëm. Mee et ass eng aner Clientèle wéi an der Stad.", erkläert de François Koepp, de Generalsekretär vun der Horesca.
Datt elo nees 10 Leit zesummen an de Restaurant kéinte goen, wär e wichtegt Signal. Fakt wier awer och, datt aktuell vill méi Betriber zum Verkaf stéinge wéi soss. Bannent enger Woch esou vill wéi soss an engem Mount. Eng Vente zu dësem Zäitpunkt riskéiert awer schwiereg ze ginn an e weidert Verloschtgeschäft.
Fir de Jean-Claude Colbach steet fest, datt déi vill Hëllefe vum Staat den Ament net duerginn, fir nees op d’Been ze kommen. Et missten Efforte bei de Charges patronales gemaach ginn, déi d’Betriber trotz Lockdown musse bezuelen an et misst een e Wee fannen, fir d’Loyeren ze staffelen.
Dernieft ass en Opruff un d’Leit, nees an d’Restauranten a Caféen ze kommen: "Loosst eis net stierwen".
