
Déi 36 Iwwernuechtunge sinn d’Moyenne fir all d’Residenten an do sinn och “Séjours de très longue durée” mat agerechent, zu deene virun allem Studenten, Pensionnairen a Residente mat Originnen am Ausland bäidroen.
Bei de Geschäftsreese waren et 5 Iwwernuechtunge bei knapp 360 Euro de Kapp. Och hei goung d’Rees bal ëmmer op eng europäesch Destinatioun. D’Hallschent vun de Geschäftsreesen net méi wäit wéi een Nopeschland. Den Tourismus zu Lëtzebuerg an Zuelen:
Zejoert sinn iwwer 1,16 Millioune Leit an de Grand-Duché gereest. Et gouf eng 2,8 Milliounen Iwwernuechtungen.
2021 huet den Tourismus 0,76% vum PIB ausgemaach. 2020 hunn iwwer 38.000 Leit am Lëtzebuerger Tourismussecteur geschafft.
Hei sinn d’Detailer vum Tourismus an Zuelen (Editioun 2023)