Hëllef fir de KonsumentRezent fënnt een an de Geschäfter ëmmer méi den Nutri-Score op Liewensmëttel

Jeannot Ries
Dëse System funktionéiert jo mat enger 5-Stufe-Faarf-Skala. De gréngen A steet fir déi héchste Qualitéit, de rouden E fir déi niddregst.
Hëllef fir de Konsument
Dëse System funktionéiert jo mat enger 5-Stufe-Faarf-Skala. De gréngen A steet fir déi héchste Qualitéit, de rouden E fir déi niddregst.

Nutri-Score - Reportage vum Nadine Kremer

Zanter Mee ass op de Produiten an de Supermarchéen den Nutri-Score affichéiert. De Label hëlleft dem Konsument séier ofzeschätzen, wéi gesond e Produit ass. Ass vill Zocker, Fett a Salz dran, da kritt de Produit ee schlechten Nutri-Score. Deen ass vum Ministère fir Konsumenteschutz agefouert ginn a gëtt vum Konsumenteschutz (ULC) a vun der Handelskummer (CLC) ënnerstëtzt. D'Nadine Kremer mat den Detailer zum neie Label.

De Nutri-Score fonctionéiert mat enger 5-Stufe-Faarf-Skala. De gréngen A steet fir déi héchste Qualitéit, de rouden E fir déi niddregst. Mat senger Hëllef kann de Konsument Produiten aus der selwechter Gamme vergläichen a kucken, wat méi gesond a narhaft ass. E wier och méi iwwersichtlech wéi aner Labelen, erkläert de Jean Feyereisen, Responsabel vun de Publikatioune vun der ULC : "Well sech de Nutri-Score ëmmer op 100gr oder 100ml bezitt a bei villen aneren Tabellen a Programmer net war, well do eng Dose journalière admissible ass, déi natierlech geännert huet tëscht dem Alter, de Geschlechter an esou fort."

A Frankräich gëtt et en schonn zanter 2017. Och zum Beispill Däitschland an d'Belsch benotzen en. Duerch den Import vu Produiten aus dëse Länner ass de Lëtzebuerger scho méi laang mam Logo konfrontéiert. Dofir mécht et Sënn en och elo hei offiziell anzeféieren.

De Label géif dem Konsument méi Transparenz ginn, esou de Claude Bizjak, Vizedirekter vun der CLC: "Et muss een dee System huelen, deen déi gréisste Chancen huet, sech duerchzesetzen, well wann de Client mat X verschiddene Labelen herno konfrontéiert ass, dann hunn mir näischt geschafft. Mee dann hunn mir am Fong de Client méi duerchernee gemaach, wéi soss eppes."

Bis elo ass den Affichage fir d'Produzenten a Vendeure fakultativ. Mee, wann een en op engem Produit affichéiert, muss een en obligatoresch fir all Produit vun där Marke benotzen. An de nächste Jore kéint de Nutri-Score obligatoresch ginn an et ass och am Gespréich en eenheetleche Label europawäit anzeféieren, esou d'Jeannette Muller, Responsabel vun der Mise en place zu Lëtzebuerg. Etudë weisen, dass de System liicht verständlech ass. Een Nodeel ass, dass verschidde gutt Produite schlecht ewech kommen, wëll de Label net alles kann en compte huelen. Esou wiere verschidden Inhalt- an Zousazstoffer net an der Bewäertung dran, wat Produzenten ausnotze kënnen. Dozou de Jean Feyereisen: "Si kënnen dann effektiv den Zocker, de Fett oder de Salzundeel verréngeren, awer fir dat ze kompenséieren Zousazstoffer, déi net noutwennegerweis besser sinn, ersetzen."

Well eben net all Ingredient afléisst, wiere verschidde Persounen, zum Beispill aus dem Mëllech- oder Kéis-Secteur géint de Label, erkläert de Claude Bijzak. Gesond Produiten hätten een defavorabelen Avis kritt. Dofir misst de System weider evoluéiere an d'Besoine vun all de Secteure mat eran huelen.

Back to Top
CIM LOGO