Unanime ugehollRied zur Lag vun der Natioun muss net méi am 1. Semester sinn

RTL Lëtzebuerg
D’Ried zur Lag vun der Natioun wäert dëst Joer am Hierscht sinn an net wéi gewinnt am Fréijoer.

Et gëtt e Konsens tëscht Chamber a Regierung, fir d’Ried vum Premier ëm déi Zäit ze organiséieren, wou och de Budgetsprojet fir d’Joer drop presentéiert gëtt. D’lescht Joer war de Budgetsprojet den 11. Oktober deposéiert ginn.

Chamber a Regierung deelen d‘Meenung, datt et méi Sënn mécht, d’Ried méi spéit am Joer ze maachen, well de Xavier Bettel eréischt am Januar d’Regierungserklärung no der Formatioun vum Gouvernement gemaach huet. An der Chamber gouf de Vott unanime ugeholl.

Extrait Roy Reding

De Roy Reding erkläert, datt speziell a Jore wéi dësem, wou no Walen dann d'Budgetsdebatte kommen, da muss een dat net och nach mat dem Ried zur Lag vun der Natioun verbannen.

Et geet drëm ze verhënneren, datt an engem Joer wéi dësem, no de Budgetsdebatten, direkt eng weider „grouss“ Ried um Programm steet.

Formell gesinn, ass et d‘Conférence des présidents vun der Chamber, d’Fraktiounen also, déi de Premier an d’Chamber alueden, fir de Point iwwert d’Lag vun der Natioun ze maachen. Den Exercice gouf 1974 duerch den DP-Premier Gaston Thorn agefouert.

Donieft geet d'Zuel vun de Memberen, déi am Chamberbüro vertratt sinn an d'Luucht. Nieft dem President an den 3 Vizepresidenten huet dee Büro an Zukunft 9 Memberen. Dat sinn der zwee méi, wéi bis elo.  Zil ass et, eng equilibréiert Präsenz vun deene verschiddene Gruppen ze garantéieren.

Vill Gestreits gouf et dogéint, wéi et ëm d'Fro goung, ob de Rapporter vun engem Gesetzprojet an Zukunft e Mataarbechter aus senger Fraktioun als Ënnerstëtzung fir de Rapport ze schreiwen, soll kënne mat an eng Kommissiounssitzung huelen, déi Sitzungen sinn net ëffentlech. Jo soten d'Majoritéitsparteien, déi dat als Stäerkung vum Parlament gesinn. Ganz anerer Meenung war d'Oppositioun.

Extrait Marc Baum

De Marc Baum fënnt et ganz schued, datt op esou enger wichteger Fro kee Konsens fonnt gouf, déi och ni probéiert ginn ass, fir ze sichen. Dat ass bedauerlech, esou datt déi Lénk et net zu engem Schratt an eng Ouverture, mä éischter a Richtung vun engem Ongläichgewiicht zu Gonschte vun der Majoritéit gesinn.

An hiren Aen profitéiert just Blo, Rout, Gréng vun dësem Changement, deen awer um Enn mat den 31 Stëmme vun der Majoritéit ugeholl gouf.

Back to Top
CIM LOGO