
A Frankräich soll d’Parlament e Freideg iwwer den "etat d’urgence sanitaire" ofstëmmen. De franséische Premier kéint am Fall vum "état d’urgence sanitaire" franséisch Dokteren a Fleegepersonal requisitionéieren. E groussen Deel vum Personal zu Lëtzebuerg si franséisch Frontalieren. De Xavier Bettel sot e Mëttwoch, a Frankräich wier ee sech bewosst, datt Lëtzebuerg géing ënnergoen, wann do requisitionéiert géing ginn. Et wier "chacun pour soi" am Moment, mä hien hätt Garantien, datt d‘Lorraine säin Noper Lëtzebuerg net géing erstécke loossen.
An engem Rapport vun der Regierung am Oktober, op deen de Quotidien den Donneschdeg de Moien opmierksam gemaach huet, steet: "An de Gesondheetsberuffer geet d’national Produktioun net duer, fir op de Besoine gerecht ze sinn". An dann, datt eleng, wann d’Paien am Ausland géingen an d'Luucht goen, dat zu enger Kris zu Lëtzebuerg géing féieren. Am Rapport steet: "le recours au recrutement frontalier est encore possible mais toute initiative en France, Belgique ou en Allemagne qui viserait à rehausser les salaires des professions de santé engendrerait immédiatement une grave crise du système sanitaire luxembourgeois et de l’action sociale."E Requisionnement a Frankräich hätt wuel nach schlëmmer Effete wéi eng Hausse vun de Paien.
Op d’Fro, ob Lëtzebuerg sech awer op dat Schlëmmst preparéiert, war et e Mëttwoch dës Äntwert vun der Gesondheetsministesch Paulette Lenert. Op diplomateschem Niveau wiere sécherlech all Regëster gezu ginn, fir Garantien ze kréien, sou d’Paulette Lenert. Donieft huet Lëtzebuerg awer och de Frontalieren, déi a Spideeler schaffen, ugebueden, mat hire Famillen an Hoteller oder eidel Wunnengen zu Lëtzebuerg wunnen ze komme wärend der Kris. 110 Frontaliere wieren op d’Offer agaangen, sou d’Ministesch.