Invité vun der Redaktioun (4. Abrëll)Roby Biwer iwwert den Déieren- an Naturschutz

RTL Lëtzebuerg
Invité vun der Redaktioun um Mëttwoch de Moie war de President vun "natur&ëmwelt".
VIDEO: Invité vun der Redaktioun: Roby Biwer
Invité vun der Redaktioun um Mëttwoch de Moie war de President vun "natur&ëmwelt".

“Wa mer d’Natur futti maachen - eis Liewensgrondlag - brauche mer eis dono net ze wonneren, wann et eis schlecht geet.”

„Fliedermaus géint de Mënsch“, Blo géint Gréng, eng wëll Kaz géint eng Moderniséierung vun engem Betrib. Den Ament leeft eng polemesch Diskussioun iwwer den Déieren-an Naturschutz an déi wirtschaftlech Entwécklung. De President vun „natur&ëmwelt“, de Roby Biwer, ass perséinlech frou, datt sou eng Diskussioun leeft. Hien ass awer dovunner iwwerzeegt, datt ee béides kann ënnert een Hutt bréngen. Dat eent muss net dat anert verhënneren. Et bräicht ee Respekt fir déi zwou Säiten, sou de Roby Biwer. Et wär villäicht iwwerspëtzt formuléiert, „no der Bei stierft de Mënsch“, mä iwwerdriwwe wär et net. Et géif en dramatesche Réckgang vun der Aartevielfalt ginn an och d'Unzuel selwer hëlt of.

An de leschte 27 Joer ass d'Zuel vun den Insekten ëm 75% zréck gaangen. Et gëtt haut nach just ¼ vun den Insekten.. .dat ass eng ekologesch Katastroph, déi awer d'Allgemengheet net terribel schéngt z'interesséieren.

Fir d'Wahlen am Oktober schafft „natur&ëmwelt“ och un engem Fuerderungskatalog fir déi politesch Parteien, sou de President Roby Biwer.

Invité vun der Redaktioun um Mëttwoch de Moie war de President vun "natur&ëmwelt".

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides no 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.

LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg live lauschteren
Back to Top
CIM LOGO