Invité vun der Redaktioun (23. Mäerz)Roland Arens iwwer de redaktionnellen Alldag nom Jean-Lou Siweck

RTL Lëtzebuerg
Invité vun der Redaktioun e Freideg de Moien ass den aktuelle Wort-Chefredakter.
VIDEO: Invité vun der Redaktioun: Roland Arens
Den Invité vun der Redaktioun vu méindes bis donneschdes moies géint 8h10 am Studio vun RTL Radio Lëtzebuerg.

D'Lëtzebuerger Wort ass sou al wéi d'Land. An där Zäit gouf net nëmmen d'Aktualitéit suivéiert, mä d'Zeitung wierkt och an d'Land eran, sou seet et de Chefredakter vum Wort, Roland Arens, um 170. Anniversaire vun der gréisster an eelster Lëtzebuerger Dageszeitung.

Fir den Invité vun der Redaktioun steet d'Wort Gëschter ewéi haut fir Qualitéitsjournalismus

Extrait Roland Arens (1)

D'Zuel vun den Abonnente wier natierlech zeréck gaangen, am internationale Verglach géif d'Wort sech besser schloen ewéi aner Zeitungen an d'Wort kéint wahrscheinlech och ouni Pressehëllef iwwerliewen. Et wier ee matzen an engem Strukturwandel an et misst ee sech upassen, notamment géif sech beim Wort intensiv mat digitale Medie beschäftegt ginn.

Viru 6 Méint huet et ferme rumouert, nom Depart vum ale Chefredakter Jean-Lou Sieweck

Extrait Roland Arens (2)

De Roland Arens war iwwerdeems  iwwerrascht, iwwert dem Jean-Lou Siweck säi Wiessel un d'Spëtzt vun Editpress

Invité vun der Redaktioun e Freideg de Moien ass den aktuelle Wort-Chefredakter.

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides no 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.

LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg live lauschteren
Back to Top
CIM LOGO