Zënter 50 Joer hëlleft d'APEMH Leit mat mentalem Handicap. D'Elteren-Associatioun bitt de Concernéierten eng Aarbecht, si sollen eng Méiglechkeet hu fir ze wunnen a sech wuel ze fillen, esou de Romain Kraemer vun der APEMH um Freidg de Moien am RTL-Interview.
D'Approche an der Gesellschaft huet am Laf vun de Joerzéngte geännert, de psychiatreschen Asyl wier scho laang net méi d'Haaptléisung.
398 Mënschen hunn an den Ateliers protégés eng Aarbecht.
D'Benevolat wier ganz wichteg, ma et feelt u Leit, dofir ass et den Appel u jonk concernéiert Eltere fir mat ze hëllefen.
All Informatioun fënnt een och op apemh.lu
Invité vun der Redaktioun war um Freideg de Moien de Romain Kraemer vun der APEMH. D'Associatioun hëlleft zanter 50 Joer Leit mat mentalem Handicap.
En Donneschdeg huet d'APEMH hire 50. Gebuertsdag a Präsenz vun der groussherzoglecher Koppel gefeiert.
FOTOGALERIE: Andréck vun der Feier vum René SchoFOTOGALERIE: 50 Joer APEMH, Andréck vun der Feier vum Roland Miny op pressphoto.rtl.lu.Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides no 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.
LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg live lauschteren