PéitengRomain Mertzig mat de meeschte Stëmmen, Buergermeeschter Mellina just op Plaz 4

RTL Lëtzebuerg
De Schäffe Romain Mertzig (LSAP) ass beschtgewielten zu Péiteng. De Jean-Marie Halsdorf (CSV) kënnt op Plaz 2, virum André Martins Dias (CSV).
De Schäffe Romain Mertzig (LSAP) ass beschtgewielten zu Péiteng
Den aktuelle Buergermeeschter Pierre Mellina (CSV) kënnt just op Plaz 4. Hannendru kënnt dann de Marc Goergen vun de Piraten.

Den aktuelle Buergermeeschter Pierre Mellina (CSV) kënnt just op Plaz 4. Hannendru kënnt dann de Marc Goergen vun de Piraten.

Marc Goergen (Piraten) frou mat de Resultater zu Péiteng

De Marc Goergen vun de Piraten konnt kräfteg bäigewannen.
Déi Lénk, déi Konservativ an d’ADR packen de Sprong an de Gemengerot net.

D’LSAP gewënnt 1 Sëtz a kënnt elo op 5, iwwerdeem d’CSV 2 Sëtz verléiert (6). D’Pirate verduebelen hir Sëtz vun 2 op 4. D’DP gewënnt och 1 Sëtz a kënnt elo op 2.

Déi Lénk, déi Konservativ an d’ADR packen de Sprong an de Gemengerot net.

Reaktioune vun der DP zu Péiteng
D’DP gewënnt och 1 Sëtz a kënnt elo op 2.

“E Resultat vun Enttäuschung”, sou de Jean-Marie Halsdorf (CSV Péiteng)

Dat komplett Resultat vu Péiteng am Iwwerbléck.

Back to Top
CIM LOGO