Invité vun der Redaktioun (30. Abrëll)Ronald Mordiconi vun der FÖDP

RTL Lëtzebuerg
Invité vun der Redaktioun e Méindeg de Moien op Radio Lëtzebuerg war de President vun der "Fräier Ökologescher Demokratescher Partei" (FÖDP).
VIDEO: Invité vun der Redaktioun: Ronald Mordiconi
Den Invité vun der Redaktioun vu méindes bis donneschdes moies géint 8h10 am Studio vun RTL Radio Lëtzebuerg.

Zënter annerhallwem Joer gëtt et déi „Fräi Ökologesch Demokratesch Partei“. Elo gëtt de Wee op de Krautmaart viséiert.

Et wier ee weder lénks, nach riets, esou de Parteipresident Ronald Mordiconi. Hie war e Méindeg de Moien den Invité vun der Redaktioun. Wéi den Numm vun der Partei et seet, gëtt de Fokus virun allem op d'Ecologie geluecht, et wëll een déi besser Alternativ zu deene Grénge sinn.

De Ronald Mordiconi

D'Partei wëll awer e komplette Programm proposéieren, d'Detailer sinn do nach net gewuer ze ginn. Eng Prioritéit dierft awer de Logement ginn, esou de Ronald Mordiconi.

D'Partei huet de Moment eng 20 Memberen, et wäert ee just am Süden eng Lëscht proposéieren, den Ament huet d'FÖDP 15 Kandidaten zesummen.

D'Ziler, wat de Score bei de Walen ugeet, setzt ee sech net. Ma egal wéi et ausgeet, wäert d'Partei awer och nom 14. Oktober weider bestoen.

Invité vun der Redaktioun e Méindeg de Moien op Radio Lëtzebuerg war de President vun der "Fräier Ökologescher Demokratescher Partei" (FÖDP).

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides no 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.

LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg live lauschteren
Back to Top
CIM LOGO