Liichten Zouwuess beim CGDISRonn 6.320 fräiwëlleg Pompjeeën zu Lëtzebuerg

RTL Lëtzebuerg
Zanter, datt d'Rettungsservicer Mëtt 2018 matenee fusionéiert sinn, goufen eng 220 Jugendpompjeeë rekrutéiert.
© CGDIS

Bei den aktive benevolle Pompjeeën ass d'Progressioun allerdéngs net esou grouss. Dëser ginn den Ament eng 3.730 an den Zentre vum CGDIS landeswäit gezielt, wat der nëmme ronn 30 méi si wéi 2018.

Alles an allem zielt de CGDIS landeswäit ronn 6.320 fräiwëlleg Pompjeeën. Dat sinn der netto 600 méi wéi nach 2018. Enge 560 Ofmeldunge stinn eng 1.160 Umeldunge géintiwwer. Dës Zuelen nennt d'LSAP-Inneministesch an der Äntwert op eng entspriechend parlamentaresch Fro vum Deputéierte Marc Goergen vun de Piraten.

Haaptamtlech Pompjeeën, déi also reegelrecht fir hiren Asaz beim CGDIS eng Pai kréien, ginn den Ament ronn 550 gezielt, wéi d'Zentre fusionéiert goufen, waren et nëmmen 375 Persounen.

D'Taina Bofferding liwwert och Chifferen iwwert déi obligatoresch medezinesch Ënnersichung vun de Pompjeeën. Zejoert goufen et där 1.630. Als komplett inapte oder zäitweileg net asetzbar goufen eng 180 Fraen a Männer ugesinn. Domat läit deen Taux vun Inaptitude an der Moyenne bei 4,8%.

Eng Situatioun, wouduerch e Manktem u Benevolle beim CGDIS net konnt op en Asaz reagéiert ginn, ass der Inneministesch iwwerdeem net bekannt.

PDF: Äntwert vum Taina Bofferding op eng parlamentaresch Fro vum Marc Goergen (05.05.2020)

Back to Top
CIM LOGO