Esou héich waren d’Peegelen an der Gemeng Rouspert-Mompech virdrun nach ni - als Verglach en Donneschdeg waren et grad emol 49 Zentimeter.
D’Leit an der Gemeng Rouspert-Mompech hunn zu deene gehéiert, déi ganz uerg vum Héichwaasser getraff gi waren. Eleng de Schued vun de Privatleit, dee gemellt ginn ass, louch bei 4,2 Milliounen Euro. E groussen Deel vun deene Suen hunn d’Assurancen an de Familljeministère iwwerholl, seet de Buergermeeschter Romain Osweiler. Do wou dat net de Fall war hëlleft d’Gemeng, mä och déi kommunal Strukturen hunn enorm gelidden.
Bis elo gouf e Schued an Héicht vun 1,8 Milliounen Euro eragereecht. Do sinn allerdéngs d’Kläranlagen an déi dräi Futtballterrainen nach net dobäi. Dat misst fir d’éischt an deene verschiddene grenziwwerschreidende Verbänn gereegelt ginn.
Dee gréisste Schued hat d’Gemeng zu Buer. “De Centre polyvalent a mir hunn eis elo an der Sitzung vum 30. Juni fir en Neibau decidéiert, well déi zoustänneg Instanzen (de Sportsministère, d’Educatioun an den Interieur) hu gesot, si géifen dee Bau als Neibau consideréieren, esou datt mer op déi néideg Subside kënnen zeréckgräifen.”
An deem Centre polyvalent sinn ënnert anerem eng Schoul an eng Maison relais. Déi éischt 3 Phase kaschten 42 Milliounen Euro.
Et gëtt och dru geschafft, fir d’Leit besser virum Héichwaasser ze schützen. Den ökologeschen Héichwaasserschutz, dee virun 10 Joer bei Steenem realiséiert gouf, war versand a gëtt elo erëm a Stand gesat, explizéiert de Romain Osweiler, mä d’Waasser wäert ëmmer bleiwen.
“Mir probéieren, d’Leit ze sensibiliséieren, datt mer laanscht e Floss liewen, datt mer ëmmer nees mussen domadder rechnen, datt et iergendwann zu esou engem Extreem kënnt an datt mer dann esou musse gerëscht sinn, datt kengem eppes geschitt an datt de materielle Schued sou niddereg wéi méiglech bleift.”
Do hëlleft natierlech och en effikasse Warnsystem, un deem géif jo och geschafft.
Eng kloer Virwarnung wier wichteg, mä et dierft een och net iwwerreagéieren, soss wieren d’Leit duerno net méi sensibel genuch op déi verschidde Alerten.