JustizkommissiounRout Kaart fir Attacken op blo Luuchten

Pit Everling
Wien an Zukunft Rettungsleit aggresséiert oder behënnert, muss sech op méi haart Strofe gefaasst maachen. Secouriste ginn elo wéi Poliziste behandelt.
Per Gesetz: Secouriste besser schützen!
Wien an Zukunft Rettungsleit aggresséiert oder behënnert, muss sech op méi haart Strofe gefaasst maachen. Secouriste ginn elo wéi Poliziste behandelt.

Secouristen, déi am Déngscht agresséiert ginn, dat ass leider eng Realitéit. D'Zuel vun de Virfäll zu Lëtzebuerg huet zougeholl, et sinn der entretemps eng 3 de Mount.

D'Politik wëll dat net méi weider acceptéieren an toleréieren, esou den Echo e Mëttwoch aus der parlamentarescher Justizkommissioun. Mam Gesetzprojet 7340 soll e kloert Signal no bausse gesent ginn.

Chamberkommissioun Justiz: Secouristen - Rep. Pit Everling

Mam Text gëtt d'Legislatioun verschäerft, et wier ee forcéiert ze handelen, seet den DP-Deputéierte Max Hahn: D'Hemmschwell, fir gewalteg géintiwwer Leit an Uniform an dann och Rettungsdéngschter ze sinn, wier allgemeng gefall. Fréier wier dat en Tabu, en No-Go gewiescht. A wann dann Alkohol oder Drogen am Spill wieren, da wier déi Hëmmschwell nach emol méi déif.

Eng politesch Reaktioun wier onëmgänglech an ubruecht, seet de Justizminister. Leit, déi Secouriste behënneren oder agresséieren, missten d'Häert vum Gesetz ze spiere kréien, esou de Felix Braz, deen den Text elo nach amendéiert. D'Secouriste sollen a sou engem Fall d'selwecht traitéiert ginn ewéi d'Polizisten. De Wee wier eng Ugläichung un en Artikel, deen et scho gëtt an deen d'Police betrëfft, fir se dann d'selwecht ze behandelen. Dat wier eng gutt Léisung, esou de Justizminister. An Zukunft géif een da penal Sanktioune riskéieren, ma dat géif am Eenzelfall an der Appreciatioun vum Riichter leien.

Den Deputéierte Gilles Roth seet, seng CSV hätt op dësen Amendement gehalen an et wier een zefridden, datt dëse seng Plaz am Text fënnt. Kontrovers politesch Diskussioune dierften et weider keng méi ginn, well bei der Zilsetzung wier d'CSV selbstverständlech mat der Regierung d'accord.

Duerchgräife géint Aggressiounen

''Am Noutfall zielt jidder Sekonn.'' Eng Zoufaart, déi blockéiert gëtt. Leit, déi ronderëm Affer stinn an d'Rettungsekippe behënneren. Eleng sou e Behuele kann enger Victime fatal ginn. Guer net vun deenen 59 Tëschefall ze schwätzen, déi 2018 beim neie "Corps Grand-Ducal Incendie a Secours" (CGDIS) gemellt goufen. D'Donkelziffer ass wuel nach méi héich, sou de Paul Schroeder, Generaldirekter vum CGDIS.

A 36 Fäll gouf et verbal Aggressiounen. 21 Mol gouf gespaut, getratt, gestouss. An zwee Fäll gouf eng Waff, Messer, agesat. Zuelen, déi fir sech schwätzen. Déi d'Politik zum Reagéiere bruecht hunn. Fir Sanktiounen an de Code penal an ze schreiwen.

An der zoustänneger Chamberkommissioun goung een du souguer iwwer den eigentleche Plang eraus. Parteiiwwergräifend gouf begréisst, datt och d'Police matofgedeckt gëtt. Eleng d'lescht Joer goufen hei zu Lëtzebuerg 41 Polizisten am Kader vu Rebellioune blesséiert.

Wien an Zukunft Polizisten oder Rettungsekippen aggresséiert, dee riskéiert eng Geldstrof vu bis 10.000 Euro an eventuell souguer bis zu 5 Joer Prisong.

Dëse Projet de loi dierft séier duerch den Instanzewee kommen. A souguer nach virum Summer, mat net just de Stëmme vun de Regierungsparteie gestëmmt ginn.

Back to Top
CIM LOGO