Respiratoresche Syncytial-VirusRS-Virus mécht Problemer bei Puppelcher déi 3 lescht Méint

Pit Everling
Zënter Abrëll gëtt et zu Lëtzebuerg gréisser Problemer mam Respiratoresche Syncytial-Virus, kuerz RSV. Betraff si virun allem Puppelcher a kleng Kanner.

Nieft Corona mécht elo nach en anere Virus vun den Otemweeër Suergen, wat awer fir d'Joreszäit aussergewéinlech ass.
Et handelt sech ëm de Respiratoresche Syncytial-Virus, kuerz RSV. Betraff si virun allem Puppelcher a kleng Kanner. Dowéinst koum et zu Problemer an der Kannerklinik.

RS-Virus/Reportage Pit Everling

Wéinst dësem Virus sinn d'Urgencen an der Kannerklinik an der Lescht iwwerfëllt gewiescht. D'Zuele sinn op bis zu 240 Patiente pro Dag eropgaangen. Am Abrëll gouf et eng Hausse vun 120% par Rapport zum Joer virdrun. Et huet och missten op Better an der Dagesklinik zeréckgegraff ginn. Programméiert Operatioune goufen aus dem Hôpital du jour op aner Plazen transferéiert.

Dat äntwert d'Gesondheetsministesch Paulette Lenert den CSV-Deputéierte Georges Mischo a Marc Spautz op eng parlamentaresch Fro.

PDF Parlamentaresch Fro an Äntwert

Back to Top
CIM LOGO