
Deemno koum et den 31. Januar 2026 géint 10 Auer zu engem Déifstall op der Gare an der Stad. Wéi d'Police schreift, wier den Täter dobäi an en TGV um Quai 14 geklommen. Hei hätt hien e Rucksak geklaut, dee vun engem anere Passagéier verstaut gi war. Dono hätt sech de Mann dann an engem aneren Zuch mat de geklaute Saachen a Richtung Diddenuewen (Thionville) duerch d'Bascht gemaach.
Wien de Mann kennt oder Informatiounen zu him huet, soll sech bei der Police aus der Stad ënner der Nummer 244 40 1000 oder per Mail u police.capitale@police.etat.lu mellen.