Demissioune beim CGDISRumouert et intern beim 112?

Roy Grotz
Dës Fro kann ee sech stellen, nodeems eng Rei Deputéiert direkt zwou parlamentaresch Froen zum Fonctionnement bei der Noutruff-Zentral gestallt hunn.
© CGDIS

Déi Deputéiert Léon Gloden, Max Hengel a Sven Clement schwätzen an hirer Fro un d’Inneministesch vu potentiellen Dysfonctionnementer, schwieregen Aarbechtskonditiounen an inexistente Karriäresperspektiven.

D’Taina Bofferding präziséiert an hiren Äntwerten, datt de CGDIS en autonomen Etablissement public ass, virun allem am Beräich vum Personal. Duerfir wier d’Inneministesch och net an déi intern Relatiounen a scho guer net an intern Reuniounen oder d’Personalpolitik vum CGDIS involvéiert.

Et stëmmt awer, datt zanter Ufank vum Joer zwee Leit den 112 verlooss hunn. Eng weider Persoun huet wësse gedoen, datt se och wéilt goen. Véier Leit hätte sech dann intern bei der leschter Ausschreiwung op Poste beim 112 gemellt.

Den Delai, deen tëscht engem Appell un den 112 an dem Moment, an deem d’ Rettungsservicer och effektiv avertéiert an op d’Plaz geschéckt ginn, vergeet, läit iwwerdeems aktuell bei knapp ënner 3 Minutten. Zanter datt de CGDIS am Joer 2018 gegrënnt gouf, ass dëse schonn ëm ronn 1 Minutt erofgaangen.

Et bleift och beim Zil, datt bis 2025 de CGDIS iwwerall am Land bannent manner wéi enger Véierelsstonn kann intervenéieren.

PDF: Réponse à la question N° 7034

Back to Top
CIM LOGO