GroussregiounSaarland iwwerhëlt Presidence vum Wirtschafts- a Sozialcomité

Dany Rasqué
Lëtzebuerg hat déi lescht zwee Joer an der Persoun vum Jean-Claude Reding d'Presidence vum Wirtschafts- a Sozialcomité an der Groussregioun.
© Dany Rasque

Eng Presidence, déi als Schwéierpunkt d'Integratioun an d'Biergerbedeelegung hat. Mam neie Joer iwwerhëlt d'Saarland. De Rapport aus deene leschten zwee Joer gouf den Dënschdeg de Moien awer nach zu Lëtzebuerg presentéiert. De Comité mécht dem Sommet vun der Groussregioun, deen Enn dës Mounts zesummekënnt, eng Partie Recommandatiounen, déi a 4 Aarbechtsgruppen ausgeschafft goufen.

De Jean-Claude Reding hofft, datt dee Sommet genotzt gëtt, fir eng Richtung unzeginn an zwar eng nämmlecht Richtung, fir ze soen, dass een zesummeschafft. Dat heescht, sech géigesäiteg net méi als Konkurrent ugesinn. Mee dofir misst een iwwert säi Schied sprangen an net méi nëmme fir den eegenen Territoire schaffen, mä ebe fir déi ganz Groussregioun.

De Jean-Claude Reding

Déi Mentalitéit, esou de Jean-Claude Reding virun, wier vläicht och eppes fir den "Image" vu Lëtzebuerg.
Ëm d'Recommandatiounen aus deene 4 Aarbechtsgruppen, geet et e Mëttwoch de Moien an engem Reportage ëm 6.50 Auer.

Back to Top
CIM LOGO