Invité vun der Redaktioun (14. Mee)Sala Makumbundu vum OAI

Carine Lemmer
Invitée vun der Redaktioun e Méindeg de Moie kuerz no 8 op Radio Lëtzebuerg war d'Generalsekretärin vum Ordre des architectes et des ingénieurs-conseils.
VIDEO: Invité vun der Redaktioun: Sala Makumbundu
Den Invité vun der Redaktioun vu méindes bis donneschdes moies géint 8h10 am Studio vun RTL Radio Lëtzebuerg.

Et gëtt ee Logements-Noutstand, well et een Defizit u Wunnengen gëtt, dat sot d’Generalsekretärin vum Ordre vun den Architekten an Ingenieuren, d'Sala Makumbundu. Si war e Méindeg de Moien eis Invité vun der Redaktioun. Deen Defizit hätt sech iwwer Joren opgebaut an dee misst een endlech an de Grëff kréien.

Et gi méi Terrainen gebraucht, fir kënnen drop ze bauen. Do misst ee bei de Privatleit usetzen an déi dozou bréngen hir Terrainen fräizeginn. Et géif net genuch gemaach ginn, och wa scho Mesure geholl goufen. Ma fir d'Spekulatioune mat Terrainen z'ënnerbannen, missten zum Beispill steierlech Mesure geholl ginn.

D'Sala Makumbundu

Iwwerhaapt misst och een Debat gefouert ginn, wéi mir wëlle wunnen. Vill Leit wëllen hiert eegent Familljenhaus, dat fräisteet. Dat wier op verschiddene Plazen och méiglech, ma eben net op allen. Fir de Logementsproblem besser ze geréieren, misst d'Simplification administrative méi pousséiert ginn, fir datt méi séier kéint gebaut ginn. Nach wären d'Prozeduren ze lues.

Duerch Plans sectoriels musse kënne grouss Projete gemaach ginn. Ma och wann d'Quantitéit da géif eropgesat ginn, dierft d'Qualitéit net méi schlecht ginn.

Invitée vun der Redaktioun e Méindeg de Moie kuerz no 8 op Radio Lëtzebuerg war d'Generalsekretärin vum Ordre des architectes et des ingénieurs-conseils.

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides no 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.

LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg live lauschteren
Back to Top
CIM LOGO