RéckruffaktiounSalmonellen am Eewäiss vun der Mark "Ovyta"

RTL Lëtzebuerg
Batraff sinn d'Produite mam Code Barre 05412671117904, déi bis den 21.09.2020 gutt sinn.

Verkaf gouf de Produit bei Colruyt. Et besteet d'Gefor, datt ee sech mam Produit eng Salmonellevergëftung kann huelen. De Produit gouf direkt vum Geschäft aus de Regaler geholl, ma een Deel vun der Wuer ass scho verkaf ginn.

Leit, déi Symptomer hunn, wéi Iwwelzegkeet, Krämp an der Mogéigend, Féiwer oder Kappwéi, sollen hiren Dokter consultéieren.

PDF: De Communiqué mat all den Detailer zum concernéierte Produit

Back to Top
CIM LOGO