
De Sam Childers mécht grad eng Tour duerch Lëtzebuerg, wou hien iwwert seng Aarbecht schwätzt. De Sam Childers setzt sech an Afrika fir Weesekanner an. Am Südsudan huet hien zesumme mat senger Fra e Kannerduerf opgebaut. Nieft senger Hëllef fir Kanner huet de Sam Cilders och net gezéckt, fir säi Kannerduerf mat Waffe géint d’LRA ze verdeedegen.
D'LRA, dat ass d'Lord's Resistance Army, déi duerfir bekannt ass, Kannerzaldoten anzesetzen. Well de Sam Childers sech mat der LRA ugeluecht huet, krut hien den Numm „Machine Gun Preacher“.
RTL-Artikel: VIDEO: Sam Childers op Europatour: „Machine Gun Preacher“ um Plateau bei RTL Nodeems de Sam Childers e Méindeg am Lycée Robert Schuman an am ECG fir e Virtrag ass, ass hien och nach owes um 19.30 Auer an der Kierch zu Beetebuerg. Organiséiert gëtt dat Ganzt vun der Organisatioun "Man to human", mat der Ënnerstëtzung vun der Par Beetebuerg-Fréiseng Saint-André an der Gemeng Beetebuerg.