Invité vun der Redaktioun (26. Abrëll)Sam Tanson iwwer "Burkagesetz"

Carine Lemmer
Invitée vun der Redaktioun en Donneschdeg de Moien um kuerz no 8 Auer op Radio Lëtzebuerg war déi nei gréng Deputéiert.
VIDEO: Radio - Invité vun der Redaktioun
Den Invité vun der Redaktioun vu méindes bis donneschdes moies géint 8h10 am Studio vun RTL Radio Lëtzebuerg.

An der Chamber gëtt en Donneschdeg de Mëtteg iwwer d'Vermummungsverbuet ofgestëmmt, dat sougenannte „Burkagesetz“.

Et ass e Kompromëss, d'Regierung hätt sech net dreiwe gelooss, sot d'Sam Tanson en Donneschdeg de Moien. Déi nei gréng Deputéiert, déi och d'nächst Woch d'Presidence an der parlamentarescher Justizkommissioun iwwerhëlt, war eis Invitée vun der Redaktioun.

D'Gesetz, dat en Donneschdeg de Mëtteg wäert gestëmmt ginn, beschränkt sech op Plazen, wou ee ganz gutt kéint verstoen, datt ee säi Gesiicht muss weisen, mengt d'Sam Tanson. Dat sinn zum Beispill d’Schoulen, den ëffentlechen Transport, d’Verwaltungen oder an de Spideeler beispillsweis.

D'Sam Tanson

D'Diskussioun wär do gewiescht an der Gesellschaft. Där hätt d'Regierung sech gestallt. Am Ufank hat d'Regierung keng Noutwendegkeet gesi fir e Gesetz, well gemengt gi war, datt d'Gemenge-Reglementer géifen duergoen. En Avis vum Staatsrot huet du gewisen, datt dat net de Fall ass. Déi gréng Fraktioun géif hannert dem Text stoen, well en ugepasst wär an net ze wäit géif goen. Sou d'Deputéiert Sam Tanson en Donneschdeg de Moien am RTL-Interview.

Sou wéi an der Gesellschaft géif et an alle Parteie verschidde Meenunge ginn.

Invitée vun der Redaktioun en Donneschdeg de Moien um kuerz no 8 Auer op Radio Lëtzebuerg war déi nei gréng Deputéiert.

Déi Lénk hunn hirersäits zu enger Protestaktioun géint d'Vermummungsverbuet opgeruff. Fir e bessert Zesummeliewe misst eng reell Integratiounspolitik gemaach ginn.

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides no 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.

LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg live lauschteren
Back to Top
CIM LOGO