Infrastruktur aus de 50er JorenSchéissstand am Bleesdall a Munitiounsdepot um Waldhaff gi renovéiert

RTL Lëtzebuerg
Et gëtt weider an déi militäresch Infrastruktur hei am Land investéiert. De Schéissstand am Bleesdall an de Munitiounsdepot um Waldhaff gi renovéiert.

D’Verdeedegungsministesch Yuriko Backes huet sech en Donneschdeg zesumme mat e puer Deputéierten a mam Chef d’État Major Steve Thull d’Infrastruktur aus de 50er Joren ugekuckt. Zanterhier ass un de Gebaier wéineg bis näischt geschitt. D’Renovatiounsaarbechte wieren deemno néideg, fir d’Sécherheet an d’Gesondheet op der Aarbecht, dem Anhale vun den NATO-Standarden, fir Munitioun ze stockéieren an der Entwécklung vun der Schéisstechnik vun der Arméi. Zesumme mam Ausbau an dem Reamenagement vun der Kasär um Härebierg géing dat der Lëtzebuerger Arméi laangfristeg ze gutt kommen. Donieft wieren et och Suen, déi an den NATO-Effort afléissen, fir laangfristeg op 2% vun eisem nationale Brutto-Revenu ze kommen.

D’Renovatioun vum Schéissstand soll, wéi am Schreiwes steet, 71,5 Millioune kaschten, beim Munitiounsdepot um Waldhaff sinn et eng 81,5 Milliounen Euro.

Schonn am Oktober zejoert de Verdeedegungsministère matgedeelt, datt de Schéissstand am Bleesdall soll renovéiert ginn. De ganze Plang fannt Dir an eisem Artikel.

Back to Top
CIM LOGO