Fir de Client vun de Stater Caféen a Restauranten et sou einfach wéi méiglech ze maachen, stellt d‘Stad Lëtzebuerg ee System op d‘Been, mat deem d‘Leit ee Bong kréien, fir gratis an enger Apdikt een zertifiéierte Schnelltest ze kréien.
Et kritt een d'Bonge vun e Méindeg de Moien un op der Stater Märei oder an den Etablissementer selwer. 14 Apdikten an a ronderëm d’Stad maache mat an d’Offer gëllt net just fir Awunner vun der Stad.
Vun en Dënschdeg kann ee sech de Bong op d'Stater Märei siche goen an d'Caféen a Restaurante kréien an enger 1. Phas jiddwereen 100 Bonge fir hir Clienten.