
Géint 1 Auer ass eng Police-Patrull zu Hesper an rue Gaessel op Damp opmierksame ginn. Wéi d'Beamten op d'Plaz koumen, stoung den hënneschten Deel vun enger Camionnette a Flamen.
D'Police huet séier reagéiert a mat engem Feierläscher verhënnert, dass d'Feier sech ausbreet. D'Pompjeeë ware kuerz drop op der Plaz.
Dëst ass elo schonn de 4. Auto bannent enger Woch, den an der Géigend vun Hesper a Bouneweg gebrannt huet. D'Police kéint net ausschléissen, dass et sech ëm Brandstëftung handelen.
Géint hallwer 2 huet och een Auto an rue Bivange zu Réiser gebrannt. Och do goufen d'Pompjeeën op d'Plaz geruff fir de Brand ze läschen.