FOTOEN - HouwaldSchonn nees hunn an der Nuecht Autoe gebrannt

RTL Lëtzebuerg
Et hu schonn nees Autoe gebrannt, dës Kéier um Houwald an der Rue Dr. Joseph Peffer. D'Feier war an der Nuecht op e Samschdeg géint 2.45 Auer.
© Olidom Multimedia

Betraff waren dës Kéier 3 Autoen, déi op engem Parking stoungen. Wéi an de Fäll virdrun, schléisst d'Police och dës Kéier Brandstëftung net aus.

E Taxi vun der Mark Mercedes gouf ugefaang an d'Feier huet op e VW Polo, deen niewendru geparkt war, iwwergegraff. Och een drëtten Auto, e Mitsubishi, gouf beschiedegt.

VIDEO: Houwald: Schonn nees Autoen a Brand gestach
An der Nuecht op e Samschdeg gouf et nees e Fall vu Brandstëftung. Et ass mëttlerweil dee 5. Virfall.

Schonn de 5. Virfall

Déi lescht Deeg goufen et an där Géigend ähnlech Virfäll, ënner anerem zu Hesper an zu Réiser stoungen Autoen a Flamen. D'Police hat bei deene Fäll Brandstëftung net ausgeschloss.

Och zu Bouneweg hat rezent en Auto gebrannt.

Eventuell Zeie solle sech um 113 mellen.

RTL NEWS: Schonn de 4. Auto bannent enger Woch am Raum Hesper a Brand
FOTOGALERIE: Andréck vun der Plaz um Houwald.

Back to Top
CIM LOGO