De Claude Meisch iwwer LTC an LTBSchoulfest deels ofgesot wéinst gréisserer Kläpperei um Donneschdeg

RTL Lëtzebuerg
Vill Schüler aus dem Lycée Technique du centre dierften enttäuscht gewiescht sinn, wéi se gewuer goufen, datt hiert Schoulfest zum Deel ofgesot gouf.
D'Police war och um Freideg ze Mëtteg virun der Annexe vum LTC present.
D’Police war och um Freideg ze Mëtteg virun der Annexe vum LTC present.
© Domingos Oliveira

Et goufen zwar eenzel Aktivitéiten ugebueden, awer méi grouss Rassemblementer ware keng erlaabt. Grond dofir ass eng gréisser Kläpperei, an déi Schüler aus dem LTC involvéiert waren.

D’Police war am Asaz a präventiv gouf decidéiert, datt d’Enn vum Schouljoer net géif esou gefeiert ginn, wéi dat virgesi war.

Déi RTL Informatiounen huet den Educatiounsminister Claude Meisch um Freideg um Bord vun enger Pressekonferenz confirméiert.

“Ech hunn dat do héieren, dat huet sech awer zum groussen Deel net an der Enceinte vun der Schoul ofgespillt. D’Schoul ass natierlech och informéiert, avertéiert a reagéiert och dorobber. Et sollt haut e Schoulfest am LTC sinn, wat ofgesot oder ganz staark reduzéiert gouf, well et och iwwer Social Media Menacen gouf, datt et haut géif weider goen mat där Kläpperei. Präventiv konnt dat Schoulfest dunn net stattfannen, wat schued ass fir all déi Schüler, déi net bedeelegt waren.”

Da goufen et an der geschriwwener Press och Informatiounen iwwer Problemer am Lycée zu Bouneweg.

D’Léierpersonal fillt sech do vun der Direktioun am Stach gelooss.

D’Tageblatt hat ënnert anerem geschriwwen, et géif u Reegele feelen, fir den Ëmgang mat Schüler mat problemateschem Behuelen.

Et gouf Rumeuren, datt Direktioun ofgesat gi wier. Dat géif net stëmmen, seet de Claude Meisch, mä et wier richteg, datt et Diskussioune gouf, déi wieren awer “konstruktiv an no vir geriicht” gewiescht.

Et wiere gutt Solutioune fonnt ginn, un deenen elo géif geschafft ginn.

Back to Top
CIM LOGO