N14Schroen Accident op der N14 tëscht Beidler a Weidig

RTL Lëtzebuerg
Um Dënschdeg de Moie gouf et e schroen Accident op der N14, bei deem en Automobilist mat sengem Gefier an e Bam gerannt ass.
© Olidom Multimedia

1 Persoun gouf blesséiert a koum an d'Spidol.

D'Strooss war wärend den Opraumaarbechte fir den Trafic gespaart, ass awer kuerz virun 12 Auer nees opgaangen.

Op der Plaz waren d'Ambulanz aus der Fiels an d'Pompjeeë vu Biwer a vu Lënster.

© Olidom Multimedia

De CGDIS mellt dann och nach eng liicht Dampvergëftung bei engem Brand an enger Kichen zu Nidderkuer an engem Haus an der Rue des Pommiers. En Dënschdeg géint 13 Auer hat et do gebrannt. Am Asaz hei: d'Zentre vun Déifferdeng a Käerjeng an eng Ambulanz vun Déifferdeng.

FOTOGALERIE

Back to Top
CIM LOGO