D’Energietransitioun ass eng absolut Noutwendegkeet. Mir brauchen och eng national Ressort-iwwergräifend Strategie, fir d’Aarmut zu Lëtzebuerg ze bekämpfen. An et muss méi bezuelbare Wunnraum geschaaft ginn, deen an ëffentlecher Hand bleift. Dat fuerdert déi gréng Fraktioun, déi ënnersträicht, dass virun de Walen am Oktober 2023 nach eng ganz Rei Erausfuerderungen op d’Politik an d’Bierger zoukommen.
Ënner grénger Féierung hätt et an de leschte Joren eng richteg Dynamik bei den erneierbaren Energië ginn. Net nëmme wiere méi Wand-a Fotovoltaikanlagen un d’Netz a méi elektresch Gefierer op d’Strooss bruecht ginn, mee et géif zum Beispill och néierens an Europa esou vill an de Schinnereseau investéiert ginn. Trotzdeem misst der grénger Fraktioun no d’Energietransitioun mat zousätzleche Mesurë weider acceleréiert ginn, fir datt mer endlech onofhängeg vu fossillen Energië géifen.
De François Benoy, Vize-Fraktiounspresident:
“Wa mer och wëssen, dass eis Trajectoire weidergeet. Mir musse bis 2030 Minus 55% vun onsen Emissiounen erreechen, bis 2050 um “Net Zero” Zil sinn. Dat heescht deen Investissement an deen Engagement muss wierklech konsequent weidergoen an den nächste Joren.”
Weider Efforte wiere bei der Aarmutsbekämpfung néideg.
D’Djuna Bernard, Parteipresidentin an Deputéiert:
“Mir dierfen net nëmme Symptombehandlung maachen, mee strukturell Moossnamen aféieren. An nieft där Strategie, déi d’Aarmut soll bekämpfen, denken ech awer och dorunner, dass een nach weider un den Allocatioune muss esou schrauwe goen, dass se déi reell Liewenskäschte kënnen ergräifen. Dass eng individualiséiert an dezentraliséiert Prise en charge am Kader vun der Obdachlosegkeetsbekämpfung dréngend benéidegt gëtt an eisem Land.”
Dernieft wier e besseren Zougang zu medezineschen a psychologeschen Hëllefsservicer fir jiddereen néideg an an den Offices sociauxe misst Personal opgestockt an d’Koordinatioun ënnertenee verbessert ginn. Bei der Aarmutsbekämpfung wiere méi Ministèrë gefuerdert, och de Logement. D’Zil ass et jo, méi bezuelbare staatleche Wunnraum ze schafen. Dofir gëtt am Verglach mat 2017 haut och 5 Mol méi an de Logement investéiert. Et soll um Wunnengsmaart och méi gerecht an transparent zougoen, besonnesch och fir Locatairen.
D’Semiray Ahmedova, Deputéiert:
“Fir d’Leit, déi lounen, ass d’Situatioun oft am schwieregsten. 18.000 Menagë mat dem niddregsten Akommes gi 40 a souguer méi Prozent vun hirem Revenu eleng fir de Loyer of.”Déi gréng Fraktioun réit momentan vu Spuer- an Austeritéitspolitik of. Et wier wichteg ze investéieren an eng nohalteg Zukunft, besonnesch an de Secteure Mobilitéit a Logement.