Buergermeeschter Marc Lies confirméiertSchwaarz-blo Koalitioun an der Gemeng Hesper

Roy Grotz
Zu Hesper hu se net laang no de Walen gewaart, fir kloer Verhältnesser ze schafen.
Den Hesper Buergermeeschter Marc Lies (CSV).
Den Hesper Buergermeeschter Marc Lies (CSV).
© Emile Mentz / RTL

D’Zentrumsgemeng gëtt an Zukunft net méi eleng vun der CSV geleet, mee vun enger schwaarz-bloer Koalitioun. Wéi RTL vum Député-Maire Marc Lies confirméiert krut, wier ee sech mat der DP eens ginn, fir déi nächst sechs Joer zesummen d’Gemeng ze dirigéieren.

Am Hesper Conseil waren e Sonndeg 17 Sëtz gewielt ginn, zwee méi wéi déi lescht Walen, wou d’CSV eng absolut Majoritéit hat.

D’CSV konnt trotz enger Perte vun 3 Punkten hir aacht Sëtz halen, iwwerdeems d’DP ëm de Claude Lamberty knapp 3 Punkten bäileet an duerfir mat véier Conseilleren am nei-gewielten Hesper Gemengerot ass.

Domat huet d’schwaarz-blo Koalitioun eng Majoritéit vun 12 Sëtz - fir de Marc Lies “stabel” Verhältnesser. Nei zu Hesper am Conseil sinn d’Pirate mam Mathis Godefroid vertrueden, déi vun Null op 6,4 Prozent koumen.

Den Detail vun de Walresultater zu Hesper fannt Dir hei.

Den Hesper Buergermeeschter Marc Lies an enger éischter Reaktioun e Sonndeg den Owend:

Den Hesper Bergermeeschter Marc Lies (CSV)
D’CSV huet déi absolut Majoritéit zu Hesper verluer.

Back to Top
CIM LOGO