Fir Leeschtungen op hirem Gebitt an ZivilcourageSechs Leit goufen op Nationalfeierdag vum Grand-Duc geéiert

Diana Hoffmann
Bei der ziviller Zeremonie goufen en Dënschdegmoien op Nationalfeierdag an der Philharmonie Bierger fir hiren Asaz ausgezeechent. Dat an ënnerschiddleche Beräicher.

Sechs Persoune goufen op Nationalfeierdag an der Philharmonie vum Groussherzog geéiert. Dat aus verschiddene Beräicher a fir verschidde Verdéngschter: Vun der Gastronomie, iwwert de Sport, d'Schauspillerei an den Entrepreneurship. Awer och fir aussergewéinleche Courage kruten zwee Männer eng Medail.

Sechs Leit goufen op Nationalfeierdag vum Grand-Duc geéiert / Diana Hoffmann

Den Eugene Keiler an de Marko Sorgen hunn e Mann aus der Musel gerett a reaniméiert. Fir dëse couragéisen Asaz goufe si mat der "Médaille d'honneur pour actes de courage" ausgezeechent.

Eng jonk Gastronomin, d’Anne Knepper, déi mat hiren 29 Joer scho vu Gault&Milaut als "jeune cheffe de l'année" priméiert ginn ass, gouf als "Chevalier couronne de chêne" ernannt. Dëst gesäit si als Unerkennung fir all déi jonk Entrepreneuren, déi sech trauen.

D'Anne Knepper am RTL-Interview
Déi jonk Kächin gouf op Nationalfeierdag vum Grand-Duc geéiert.

Eng ganz Rëtsch un Auszeechnunge krut an hirer Karriär schonn d'Schauspillerin Vicky Krieps. Wéi all Auszeechnung wier och dës besonnesch, seet si.

De beschten Nationbranding fir Lëtzebuerg wier d'Demokratie an eis Internationalitéit. Déi jonk Sprinterin Partizia Van der Weken gouf mam "Chevallier couronne de chêne" geéiert, well si Lëtzebuerg am Sport op der internationaler Bün vertrëtt. Eppes, wat fir si definitiv méi besonnesch ass, wéi eng Medail no enger Course

D'Patrizia van der Weken an d'Vicky Krieps am Interview
Béid Frae goufen op Nationalfeierdag geéiert, fir d'Manéier op déi si Lëtzebuerg op internationalem Plang vertrieden.

Een deen da genausou vun der Unerkennung iwwerrascht gouf, ass de Grënner vun der Air Rescue, de René Closter. Och hien hat net mat der Auszeechnung gerechent.

Wéi esou e Projet wéi d’Air Rescue geléngt? Hei erënnert hie mat engem Clin d'oeil u säi Mupp, deen ëmmer op de Frigo gekuckt huet, bis en eng Zoossiss krut. "If you can dream it, you can do it", sou de René Closter.

De René Closter am RTL-Interview
De Grënner vun der Air Rescue huet sech iwwerrascht iwwer d'Auszeechnung op Nationalfeierdag gewisen.

Back to Top
CIM LOGO