Reaktioun op Ausso vum Frank EngelSerge Wilmes: Eng Demokratie brauch ënnerschiddlech Meenungen

Roy Grotz
Annick Goerens
Wéi RTL jo gemellt huet, hätt de Frank Engel am Nationalcomité d'Méiglechkeet evoquéiert, de Stater Schäffe virun de Conseil de discipline ze zitéieren.
© RTL Grafik

De CSV-Deputéierte Serge Wilmes wëll net weider op d'Aussoe vum neie Parteipresident Frank Engel agoen. Dës Reaktioun schwätzt fir sech, sou den Serge Wilmes op eis Nofro hin. Hien hätt eng Fro opgeheit iwwer d'Zukunft vun der Partei, eng Fro zu där hien nach ëmmer géing stoen. Eng Demokratie géing vun ënnerschiddleche Meenunge liewen an hie géing sech dofir och weiderhi fir eng oppen Diskussiounskultur an der Partei, wéi och an der Gesellschaft asetzen, sou de Stater CSV-Deputéierten.

Wéi et eise parteiinterne Sourcen no, nach geheescht huet, géing d'Fraktiounspresidentin Martine Hansen elo d'Roll vun der Mediatrice tëscht dem Frank Engel an dem Serge Wilmes iwwerhuelen. Bis ewell hätt sech awer nach keen beim Stater Schäffe gemellt.

Rumouers bei der CSV

D'Presidentewale sinn definitiv nach net verdaut, respektiv schéngen nach ëmmer e Sujet  ze sinn. RTL-Informatiounen no hätt den neie President Frank Engel an der Reunioun vum nei-gewielten Nationalcomité dës Woch d'Méiglechkeet an d'Spill bruecht, fir de Serge Wilmes virun de Conseil de discipline vun der Partei ze zitéieren.
Wuel gemierkt "an d'Spill bruecht", also evoquéiert, ouni datt et awer zu deem Partei-Ausschloss vum Kontrahent ëm de Presidenteposten reell soll kommen.

De Frank Engel huet, eise parteiinterne Sourcen no, gesot, datt "een u sech misst säi Parteikolleeg virun dee Gremium zitéieren, mä dass hien dëst net géif maachen".

Rieds goung an deem Kontext iwwert dem Serge Wilmes seng Aussoen op RTL Radio Lëtzebuerg virun zwou Wochen.

RTL-NEWS: Invité vun der Redaktioun (20. Februar) - Serge Wilmes: Ech waarden nach op de Projet vum Frank Engel.

20. Februar, moies: De Serge Wilmes als Invité vun der Redaktioun op RTL Radio Lëtzebuerg.
20. Februar, moies: De Serge Wilmes als Invité vun der Redaktioun op RTL Radio Lëtzebuerg.

Weider sot de Frank Engel, datt - wéi gesot - dës Kéier de Conseil de Discipline net ageschalt gëtt, mä dass am Fall wou et änlech Aussoe vu Parteimembere géifen ginn, dës Prozedur dann awer géif vun him declenchéiert ginn.

Am Nationalcomité huet sech d'Fraktiounspresidentin dunn - RTL-Informatiounen no - ugebueden, ënner 4 Ae mam Serge Wilmes ze schwätzen.

D'Martine Hansen krut d'Charge matzedeelen, datt dem Zentrums-Deputéierte seng Aussoen um Radio "geschuet" hätten an net richteg gewiescht wieren.

Dëst 4-Ae-Gespréich ass bis ewell nach net geschitt; dat gëllt och fir eng Renconter tëscht Frank Engel a Serge Wilmes, déi et bis dato och nach net gouf - dat krute mer op Nofro hi confirméiert.

RTL-NEWS: Frank Engel reagéiert op Serge Wilmes: "Ech verstinn net wierklech, wat dat fir en Optrëtt war".

20. Februar, owes: De Frank Engel als Invité um Plateau bei RTL Télé Lëtzebuerg.
20. Februar, owes: De Frank Engel als Invité um Plateau bei RTL Télé Lëtzebuerg.

An de Statute vun der CSV ass d'disziplinaresch Prozedur am Kapitel 11 genee festgeluecht, grad wéi d'Zesummesetzung an d'Kompetenze vum Conseil de discipline an dem Conseil d'appel.

Wéi et heescht, kéinte jee no Gravitéit vun de Faite Sanktioune géint e Parteimember decidéiert ginn: Dëst geet vun engem Avertissement iwwert e Blâme bis hin zum Ausschloss aus der Partei. Wéi gesot, eng Prozedur, déi net géint de Serge Wilmes lancéiert gouf, mä vläicht an Zukunft kéint spillen - dëst läit an der Appreciatioun vun deem Comité, dee se lancéiere wëll an dat natierlech argumentéiere muss.

D'Fraktiounspresidentin Martine Hansen iwwerhëlt also tëscht den Hären Engel a Wilmes d'Roll vun der Mediatrice - iwwregens ginn et mat ënnert anerem dem Marie-Josée Jacobs an dem Marc Fischbach och 3 Mediateuren an der Partei; och dës Prozedur ass an de Statute vun der CSV festgeluecht.

Business ass usual ass sécher anescht - an awer gëtt natierlech weider geschafft. Net méi spéit wéi e Samschdeg kënnt den CSV-Nationalrot zu Hesper beieneen, fir d'Lëscht mat de Kandidate fir d'Europawalen ofzeseenen.

Back to Top
CIM LOGO