PoliceServicer vun der Regionaldirektioun Esch plënneren op Raemerich

RTL Lëtzebuerg
Op de Site beim Rond-point kéimen och dat neit 3-Schichten-Kommissariat Esch an d'Fourrière Süden.

Duerch den Ëmbau vun der Autobunn hätt sech do eng adequat Plaz erginn. D’Planung fir déi néideg Infrastruktur géifen op Héichtoure lafen, Pläng an engem Avant-projet existéieren. Dat äntwert de Policeminister op eng parlamentaresch Fro vun de Piraten.

Dernieft huet hie präziséiert, datt d’Policegebai um Boulevard Kennedy renovéiert gi wier an den neie Kommissariat fir de Quartier Gare just niewendru géif gebaut ginn.

Back to Top
CIM LOGO