En Dënschdeg ass den Internationalen Dag géint Homo-Bi-Inter- an Transphobie. Deen Dag geet zréck op de 17. Mee 1990. D’Weltgesondheetsorganisatioun WHO huet du festgehalen, datt Homosexualitéit keng Krankheet oder Stéierung ass. Bis dohinner ass Homosexualitéit ass „geeschteg Behënnerung“ aklasséiert ginn. Zanterdeem ass glécklecherweis vill geschitt, mä nach laang net iwwerall. Geld- a Prisongsstrofe gëtt et och haut nach.
Weltwäit hätt sech d’Situatioun fir d’LGBTIQ+ Communautéit wärend der Corona-Pandemie verschlechtert, zu Lëtzebuerg awer net, och wann an de leschten zwee Joer net vill geschitt ass. Et muss weider opgekläert ginn, sou eisen Invité vun der Redaktioun, de Max Lamesch. Hien ass de President vum Cigale, en Zenter fir Berodung an Ënnerstëtzung fir homosexuell Leit an doriwwer eraus.
Hei am Land kéint een awer houfreg sinn, op dat wat erreecht gouf, dat duerch verschidden Organisatiounen awer och op kommunalem an nationalem Niveau. An awer géif et nach vill Diskriminatioun fir LGBTIQ+ Leit ginn. An de Schoulen, op der Aarbecht oder bei der Sich no enger Wunneng.
De Max Lamesch hofft och, datt ee beim Sujet “Drëtt Geschlecht” am Pass geschwë weiderkënnt a bedauert, datt an deem Kontext eng Chance verpasst gouf, dës Notioun an déi nei Verfassung afléissen ze loossen.
Ma et dierft een och net alles, wat vun der LGBTIQ+ Communautéit gefuerdert gëtt, negativ gesinn. Mamm a Papp ofschafen zum Beispill, wier net de But. Et géif dorëmmer goen, do niewendrun ze existéieren.
LIVESTREAM RadioRendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d’Emissioun dono och am Replay ze fannen.
IDAHOBIT 2022 − Internationaler Tag gegen Homophobie, Biphobie, Interphobie und Transphobie (17.05.2022)
Mitgeteilt von : Ministerium für Familie, Integration und die Großregion
Am Dienstag, den 17. Mai, findet der Internationale Tag gegen Homophobie, Biphobie, Interphobie und Transphobie (IDAHOBIT) 2022, der unter dem Motto „Our Bodies, Our Lives, Our Rights“ steht, statt.
Dieser Tag wird seit 2005 gefeiert und zielt darauf ab, das Bewusstsein und die Präventionsmaßnahmen zur Bekämpfung von Gewalt und Diskriminierung gegenüber Lesben, Schwulen, Bisexuellen, Transgender und Intersexuellen (LGBTI) zu fördern.
In diesem Zusammenhang hat Luxemburg, vertreten durch das Ministerium für Familie, Integration und die Großregion, virtuell am IDAHOT+ Forum 2022 teilgenommen, das am 12. Mai in Limassol, Zypern, stattfand. Während des Forums wurden mehrere europäische und internationale Berichte vorgestellt:
Im Jahr 2018 nahm Luxemburg seinen ersten nationalen Aktionsplan zur Förderung der Rechte von Lesben, Schwulen, Bisexuellen, Transgender und Intersexuellen, der in der Tradition der langjährigen luxemburgischen Nichtdiskriminierungs- und Diversitätspolitik steht, an. In diesem Jahr wird die Universität Luxemburg eine Zwischenbilanz ziehen, um die Umsetzung der im nationalen Aktionsplan vorgesehenen Maßnahmen zu messen und zu prüfen, ob die Ziele und Prioritäten angesichts der gesellschaftlichen Entwicklung und der Auswirkungen der COVID-19-Krise angepasst werden müssen.
Als Koordinatorin der Politik zur Förderung der Rechte von LGBTI-Personen betonte die Ministerin für Familie und Integration, Corinne Cahen, dass es kontinuierlicher Anstrengungen auf allen Ebenen bedarf, um die Rechte von LGBTI-Personen weiter zu fördern. In Bezug auf das Thema „Our Bodies, our Lives, our Rights“ wies die Ministerin darauf hin, dass die Rechte von LGBTI-Personen universelle Rechte sind, wie das Recht auf Leben, körperliche Unversehrtheit, Gesundheit und Selbstbestimmung.