
No dem ville Reen en Dënschdeg an den Iwwerschwemmungen, déi et plazeweis doduerch gouf, huet sech d’Situatioun mëttlerweil iwwerall am Land nees berouegt.
Un der Sauer, déi als lescht nach betraff war, fält de Peegel e Mëttwoch zanter de fréie Moiesstonnen och nees.
Zu Rouspert gouf de Pic mat 5 Meter 82 kuerz no 3.30 Auer an der Nuecht op e Mëttwoch erreecht. Normal sinn hei zu der Joreszäit ëm 2 Meter.
Op anere Plazen wéi der Uelzecht zu Ettelbréck goufen d’Pic’e schonn am Laf vum fréien Owend en Dënschdeg erreecht an d’Peegele sinn zanterhier schonn e gutt Stéck zeréckgaangen.