Dat ass en Evenement wou Seniore kënnen e Creneau vun enger hallwer Stonn reservéieren, fir vun engem Volontaire hiren Handy, Tablet oder Laptop erkläert ze kréien.
Lancéiert gouf dës Initiativ viru ronn dräi Joer vum Mara Kroth. Si huet e Bachelor a Psychologie un der Uni.lu gemaach an och scho wärend dem Studium ugefaangen, sech Konzepter z’iwwerleeën, fir Senioren ze hëllefen, sech am digitalen Zäitalter erëmzefannen. Niewent deem éischter techneschen Deel hätt de „Smartphone Café“ awer och nach ganz aner Virdeeler.
Niewend de Smartphone Caféë gëtt d’Mara awer och zanter e puer Méint méi formell Coursen an der Stad. No dräi Méint kritt een dann do de sougenannten “Internetfürerschäin”. D’Konzept ass et de Leit all Woch en neien Aspekt iwwer hire Laptop an den Internet bäizebréngen. Dat geet da vum Laptop umaachen iwwer Emaile verschécke bis hin zu MyGuichet an E-Banking notzen. Fir d’Mara, sinn dat alles Saachen ouni déi et hautdesdaags net méi geet.
Grad wärend der Pandemie wier d’Nofro fir de Cours immens eropgaangen, virun allem wann et ëm den E-Banking geet. Fir d’Mara wier dat awer schonn eng zimmlech Erausfuerderung. Engersäits well Bankdetailer jo sensibel Informatioune sinn – anerersäits well dat ganzt Konzept vum E-Banking fir vill Senioren immens abstrakt ass a si deemno veronséchert sinn. Dowéinst geet et am Cours dann souwuel dorëms de Leit d’Angscht ze huelen an hinne gläichzäiteg och d’Prozeduren hannert dem E-Banking z’erklären. Ma och bei aneren Themen ass et fir d’Mara net ëmmer sou einfach de Cours passend opzebauen.
Fir all Cours kréien d’Participanten dann och en Dossier, wou nach eng Kéier alles erkläert gëtt. Trotzdeem bleift den Internet fir si eng Erausfuerderung. Iwwer déi nächst Méint hofft d’Mara dann nach méi Coursen unzebidden an a verschiddene Gemenge Smartphone Caféen z’organiséieren, fir och weiderhi Senioren d’Méiglechkeet ze ginn, um digitalen Austausch deelzehuelen.