Ceta-AccordSou e wichtege Vott am Etat de crise ofzestëmmen, ass net responsabel

Pierre Jans
Protester virum Vott iwwert de Ceta, den Handelsaccord tëscht der EU a Kanada.
Kritik vu ville Säiten iwwer de Vott vum CETA-Accord
E Mëttwoch gëtt an der Chamber iwwert den CETA ofgestëmmt, den Handelsaccord tëscht der EU a Kanada.

An der ganzer Corona-Kris goungen d'Diskussioune ronderëm dëst ëmstriddent Ofkommes wuel e bëssen ënner. Déi ganz Oppositioun hat en Dënschdeg an der Chamber nach probéiert, den Ordre du Jour fir e Mëttwoch ze änneren an dëse Vott no hannen ze verréckelen – ouni Succès. Donieft schwätzen zwou Organisatiounen "Stop TTIP/CETA" a "Votum Klima" vun engem politesche Skandal.

De Ceta-Vott, iwwert deen e Mëttwoch an der Chamber soll ofgestëmmt ginn, wier e Schlag an d'Gesiicht. Virun allem fir déi Leit, déi elo wéinst der sanitärer Krise leiden. Dat seet d'Blanche Weber am Numm vun der Plattform "STOP TTIP & CETA". Et wier net responsabel esou e wichtege Vott am Etat de crise ofstëmmen ze loossen. Virun allem, well duerch d'Kris och d'Bereetschaft an der Gesellschaft fir eng méi lokal Wirtschaft geklomme wier.

D'Blanche Weber, Extrait1

E richtegen Debat mat Demonstratiounen zum Beispill ass den Ament net méiglech. Virun allem dowéinst wier d'Gefill do, dass de Vott sollt erzwonge ginn, esou d'Blanche Weber weider.

D'Blanche Weber, Extrait2

D'Plattform "Stop TTIP & CETA" a "Votum Klima", déi eng 40 Organisatioune vertrieden, haten am Fong an engem Communiqué gefuerdert, dass de Ceta-Vott sollt verréckelt ginn.

CSV hëlt net um Vott deel

D'Oppositiounspartei schwätzt vun engem "antidemokratesche Mëssbrauch an der Krisenzäit". Aus Solidaritéit a Protest wéilt een net um Vott an der Chamber deelhuelen. D'Debatt ëm dat ëmstriddent Ceta-Gesetz géing engem quasi opgezwonge ginn.

Dosenden Organisatioune wéilte protestéieren, och virum Parlament, dat awer wéinst dem Etat de crise net méiglech wier. Wann ee schonn d'Debatt net verhënnere kann, wéilt sech d'CSV och net um Vott bedeelegen.

PDF: Schreiwes vun der CSV

Back to Top
CIM LOGO