Dass de soziale Wunnengsbau zu Lëtzebuerg e Suergekand vun der Politik ass, ass net nei. A wesentlech méi ass beim Spezialrapport vun der Cour des comptes virun der zoustänneger Chamberskommissioun e Méindeg de Mëtteg och net erauskomm. Wéi och, wann déi néideg Donnéeë fir en anstännegen Audit, feelen?
Déi eenzeg Donnéeën, déi d'Cour des comptes fir hir Kontroll kritt huet, sinn déi vum Ministère, an déi wieren net komplett, respektiv gi vun enger Rei Deputéierten ugezweiwelt. Den André Bauler vun der DP huet et diplomatesch ausgedréckt:
„Et ass och net einfach, mengen ech, fir d'Cour des Comptes gewiescht. Si ka jo ëmmer nëmme mat deene Chiffere schaffen, déi si zur Verfügung gestallt kritt. Et gesäit een, wat d'Zuelematerial ugeet, dass et e ganz komplexen Dossier ass.“
Iwwerdeems muss een d'Efforte vun der leschter Regierung zum Deel och aus der Equatioun eraushuelen, well de Rapport sech just mat de Joren tëscht 2008 an 2016 beschäftegt huet. D'Conclusioune bleiwen am grousse Ganzen awer wuel déi selwecht, wéi schonn zanter Joren, fir de Sven Clement vun de Piraten ass dat kloer:
„Et gëtt net genuch gebaut. Et gëtt net séier genuch gebaut. An d'Terrainen, déi zur Verfügung stinn, ginn net séier genuch mobiliséiert.“
Deemno missten dem Fonds du Logement an der Société nationale d'habitation à bon marché, SNHBM, hir Moyene weider verbessert ginn. Virun allem um néidege Personal géif et feelen, heescht et am Rapport. An dobäi wieren awer nëmme 76 Prozent vum Budget, deen déi lescht 10 Joer virgesi gouf, och tatsächlech ausgi ginn. An och vum Virkafsrecht wier nëmme seele profitéiert ginn, well déi néideg Ressourcë gefeelt hätten.
D'Gemengen huet sech d'Cour des Comptes explizit net ugekuckt. Dofir feelt hir dat néidegt Mandat. A Propos Gemengen: Déi eenzel Acteuren um Terrain misste méi zesumme schaffen, heescht et vun der CSV-Deputéiert Diane Adehm.
„Et feelt eigentlech en drëtten Acteur um Marché, deen d'Gemengen e bësse bei der Hand hëlt, fir mat de Gemengen zesummen ze kucken an deen dat Ganzt e bësse regroupéiert a vun uewen erof traitéiert.“
Et goufen also méi Froen opgeworf, wéi beäntwert an domat dierft den Dossier soziale Wunnengsbau d'Budgetskontrollkommissioun nach eng Zäitche weider beschäftegen.