
Nieft der Schueberfouer huet e Samschdegmëtteg e Mann eng Protestaktioun lancéiert, andeems hien op e Kran vun engem Chantier geklommen ass a sech do mat engem Plakat dru gehaangen huet. Um Plakat stoung ënnert anerem, dass Covid-19 eng Lige wier.
D’Police war op der Plaz an huet Kontakt mam Mann opgeholl, deen an enger éischter Phas awer nach wollt do hänke bleiwen, fir méiglechst vill Opmierksamkeet ze kréien. No ronn zwou an enger hallwer Stonn ass de Mann du selwer erëm erofkomm. D’Pompjeeë waren awer op der Plaz, fir de Mann ofzesécheren.
Wat d’Suitte vun dëser Aktioun fir de Mann wäerte sinn, ass awer nach net kloer.